Wéi et schéint huet sech e Cyclist op der Héicht vu Stengefort mat sengem Vëlo Richtung Autobunn gemaach.

Am Trafic-Info war fir d’éischt ze liesen, dass en tëscht der Aire de Capellen a Mamer ënnerwee wier.
Spéider war et den Update, e wier tëscht Briddel a Stroossen gesi ginn.
Engem Automobilist, deen en opgefuerdert hat stoen ze bleiwen, well et immens geféierlech wier, huet de Cyclist gesot, e wier ënnerwee op Metz.
Um 15.40 Auer war et d’Meldung vum CITA, dass de Vëlosfuerer elo fort wier.