
D’Streikrecht hei am Land ass am Artikel 11 vun der Verfassung zesumme mat der Gewerkschaftsfräiheet ernimmt.
De Rescht ass per Gesetz gereegelt. Dat Ganzt ass awer relativ verklauselt, well d’Streikrecht gebonnen ass un ee “Litige collectif”. An anere Wierder un ee Sträit iwwert ee Kollektivvertrag. Dee Sträit muss bis bei d’Conciliatioun goen an d’Non-Conciliatioun ass Haapt-Bedéngung fir de Streik.
Esou wäit fir deen do Kader. Et geet awer wéi an de 70er an 80er Joren oder Enn den 90er och emol iwwer de reng sektorielle Secteur eraus. Beispill d’Indexfro oder de Rentesystem.
Beim ëffentlechen Déngscht ginn et speziell Reegelen, well verschidden national-relevant Servicer musse funktionéieren
Huet Lëtzebuerg iwwerhaapt eng “Streikkultur”?
Also et ass bei eis net wéi bei eise franséischen Noperen, wou d’Leit de Streik-Reflex quasi an d’Wéi geluecht kréien.
Heiheem gouf et emol d’Fauschtreegel bei de Gewerkschaften, dass op d’mannst all 10 Joer ee grousse Streik sollt sinn, fir dass de Streik-Reflex net d’Baach ofgeet.
En nationale Streik ass och esou ee Schlagwuert, well do jo u sech jidderee misst matmaachen. Nenne mir et also éischter ee grousse Streik mat nationale Repercussiounen, esou eppes huet et zënter iwwer 20 Joer net méi zu Lëtzebuerg ginn. Et ware sektoriell oder betriblech Streikaktiounen. Esou eppes ausruffen ass dat eent. Et ze organiséieren dat Anert. An ee Resultat domat erausschloen, ass nach ee komplett anert Puer Schong.
Trotzdeem ginn et eng ganz Rei Streikaktiounen an eiser Geschicht
Dat geet op d’mannst zeréck bis an d’Joren ëm 1880/1890 mat Streiker an de Schifergrouwen ronderëm Maartel. Dono waren et turbulent Zäiten am, respektiv kuerz nom éischte Weltkrich an de Schmelze wéi Déifferdeng oder Diddeleng.
Et war de pueren Ausdrock vun de Leit hirer Verzweiwlung. Ëm 1916 waren d’Präisser fir Liewensmëttel komplett aus dem Rudder gelaf. D’Hausse bei de Paien krut d’Inflatioun net méi opgefaangen.
Déi Streiken waren deels bluddeg. Se hunn awer villes bewierkt, well d’Gewerkschaften fir d’Aushandele vu Kollektivverträg unerkannt goufen.
Déi sozial Spannungen an déi ekonomesch Onsécherheet hunn e puer Joer drop, 1921, zu engem weidere groussen a bluddege Sozialkonflikt gefouert.
Als Suite dovunner sinn d’Beruffskummeren zu Lëtzebuerg gegrënnt ginn, fir de Betribsréit Muecht ofzehuelen.
De ganz grousse Streik vun Enn August 1942 misst u sech all Mënsch hei am Land kennen. Et gouf sech géint d’Wehrpflicht duerch den Nazi-Regime gewiert. Dee Streik, dee sech vu Wolz aus iwwer d’ganzt Land ausgebreet hat, bis an d’Lycéen zu Esch hat leider als Suite dass iwwer 20 Leit higeriicht goufen. Derbäi Dosenden Arrestatiounen an Deportatiounen an d’KZ.
An de 50er Jore gouf op de Schmelzen, respektiv am Biergbau fir d’Reduzéiere vun der Aarbechtszäit gestreikt. Ugangs de 50er Jore gouf et nach eng 56-Stonne-Woch.
Ugangs de 70er Joren ware Streiker géint den Ofbau am Stolsecteur oder fir eng besser Politik bei Santé, Educatioun a Logement.
82 war déi grouss Maniff ënnert dem Motto “Fanger ewech vum Index”
84 gouf géint de sougenannte Renteklau demonstréiert.
Mëtt 98 war den Héichpunkt mat der Maniff um Knuedler am Pensiounssträit bei der Fonction publique mat engem Joer drop enger anerer Regierungskoalitioun.
Wann een déi lescht Jore kuckt, war 2009 zum Beispill eng Demonstratioun vun 30.000 Leit géint de Sozialofbau virum Hannergrond vun der Wirtschaftskris.
Fir de Rescht waren et sektoriell Streikaktiounen wéi viru 7 Joer am Gesondheets-a Sozialsecteur oder nach spezifesch Aktioune wéi Fraen-, respektiv Schülerstreik.