No Plainte vun engem NoperD'Gebuertshaus zu Tréier dierf säi wichtegste Raum net méi notzen

RTL Lëtzebuerg
En Noper huet sech gestéiert gefillt, well Frae bei der Gebuert gejaut hunn.
E Puppelchen an der Maternité (Symbolbild).
E Puppelchen an der Maternité (Symbolbild).
© pexels.com / Vidal Balielo Jr.

D’Gebuertshaus zu Tréier dierf ee vu senge béide Raim net méi fir Gebuerten notzen. Wéi verschidden däitsch Medien - dorënner den Trierischer Volksfreund an de Spiegel - schreiwen, hätt en Noper, deen nëmmen zéng Meter vum Haus ewech wunnt, sech gestéiert gefillt, well d’Frae bei der Gebuert ze haart géinge jäizen.

De Mann hätt doropshin eng Plainte beim Tréierer Verwaltungsgeriicht gemaach. D’Gebuertshaus hätt sech schliisslech mam Mann gëeenegt: Et géif een ee vun de béide Raim, nämlech deen, deen am Noosten u senger Wunneng ass, net méi fir Gebuerten notzen an am Géigenzuch géif de Mann op weider geriichtlech Schrëtt verzichten. Et handelt sech ëm dee méi grousse vun deenen zwee Säll, an deem bis ewell och Gebuerten an enger Bidde konnte gemaach ginn.

D’Leedung vum Haus, huet géigeniwwer der Tagesschau vun enger Katastroph geschwat.

Back to Top
CIM LOGO