Keng laang Rieden, just kuerz a knapp Äntwerten - Anne Steichen (CSV)
Mir presentéieren iech am Magazin déi jéngste Kandidaten a Kandidatinne vun all de Lëschten am Kader vun de Chamberswalen den 8. Oktober.
D'Anne Steichen ass déi jéngste Kandidatin op der Lëscht vun der CSV. Si kandidéiert am Bezierk Norden an ass selwer aus der Gemeng Groussbus-Wal, an där si och am Gemengerot ass zanter 2017. Fir de kuerz a knappen Interview hu mir si am Musekssall vun hirer Musek getraff. Do spillt si Trompette, dat ass ee vu ganz villen Hobbyen.
Numm: Anne Steichen
Alter: 24 Joer
Partei: CSV
Gemeng: Groussbus-Wal
Bezierk: Norden
Beruff: Studentin (Bachelor a Politesche Wëssenschaften a Geographie, aktuell mam Master a Relations Internationales amgaangen.)
Politesch Funktiounen: Schäffen
Hobbyen: Musek, Dëschtennis an Theater spillen, an ass aktiv am Comité vun der Landjugend
"Schliisslech liewe mir alleguerten an där Gesellschaft, dofir sollen d'Meenunge vu jiddwerengem gehéiert ginn."