Lëtzebuerg ass dat eenzegt Land an der EU, wou Fraen an der Moyenne méi Stonneloun ewéi Männer am Privatsecteur verdéngen.

E rare Phenomen, deen dorop zréckzeféieren ass, datt hei d'Salariéen dacks héich qualifizéiert sinn an dat a ganz spezifesche Secteuren. Dacks hu Fraen do eng méi héich Ausbildung wéi hir männlech Kolleegen. Dëst gëllt awer just bis zu enger Altersgrenz vu 40 Joer.

An anere Beruffer ginn et dogéint nawell nach grouss Ecarten, wat d'Paien ubelaangt. Benodeelegt si Fraen och, wat Poste mat héijer Responsabilitéit betrëfft, déi si net sou dacks uvertraut kréien. Donieft schaffe si och méi dacks am temps partiel. Eng Fra op dräi schafft zu Lëtzebuerg hallef. Als Grënn wäre virop de Congé de Maternité ze nennen, wou d'Frae méi laang op der Aarbecht feelen, an dann natierlech och déi familiär Ufuerderungen, déi dacks dozou féieren, datt se manner Stonne schaffen. Dëst wierkt sech dann op hiert Joresakommes an och op hir Pensioune spéider aus.

2016 gouf zu Lëtzebuerg e Gesetz gestëmmt, wou d'Loungläichheet tëscht de Fraen a Männer am Code de Travail festgehale gouf. Ginn et Inegalitéiten, déi net justifizéierbar sinn, respektiv souguer op d'Geschlecht vun der Persoun zeréckzeféiere sinn, kann den Employeur eng Geldstrof tëscht 251 a 25.000 Euro kréien.

De Chancëgläichheetsministère huet dofir och e spezielle Programm entwéckelt, fir datt Entreprisë séier feststelle kënnen, ob et an hirer Firma net-gläiche Loun fir déi selwecht Aarbecht gëtt. Eng 120 Entreprisen hu scho beim Programm matgemaach. Weider Detailer an Temoignagen am Reportage vum Valentine Patry am Replay.