"En Opruff zum Haass, deen en neie Level erreecht huet"

© déi gréng Norden
E Walplakat vun déi gréng, op deem d'Sam Tanson e Lach am Kapp huet, suergt nawell fir vill Spekulatiounen. Et gouf eng Plainte gemaach.
"En Opruff zum Haass, deen en neie Level erreecht huet". Dat hunn déi Gréng Norden op Facebook geschriwwen, nodeems méiglecherweis mat enger Waff op e Plakat vun der grénger Spëtzekandidatin Sam Tanson am Raum Groussbus geschoss gouf. Op Fotoe gesäit een e Lach an engem vun de Schëlder vun deene Gréngen. Viséiert war d’Stier vun der Sam Tanson op der Foto.
Déi Gréng Norden schreiwen, datt wann een näischt mat grénger Politik ufänke kéint, soll een d'Walrecht an aner Moyene benotzen, fir dat auszedrécken.
Déi Gréng Partei war e Méindeg an der Mëttesstonn beieneen, fir iwwert Suitten ze diskutéieren an huet decidéiert eng Plainte géint Onbekannt ze maachen.