Wou fänkt de Mëttelstand un, deen d'Parteien am Walkampf wëllen entlaaschten?

A wou hält en op? CSV, LSAP an déi Gréng schaffe mat ënnerschiddleche Begrëffer an Unitéiten, sou datt hir Verspriechen net esou einfach ze vergläiche sinn.

Déi Gréng proposéieren, Akommes vu bis zu dräimol den onqualifizéierte Mindestloun ze entlaaschten. Dat entsprécht engem Joresakommes vu bis zu ronn 93.000 Euro. Wann een déi lescht Steieranalyse vum Conseil économique et social (CES) kuckt, géifen déi Gréng deemno ronn 90 Prozent vun alle Menagen, déi zu Lëtzebuerg besteiert ginn, entlaaschten. Dës Stéit bezuelen awer just eppes méi ewéi 40 Prozent vun de Steieren, déi de Staat bei de Stéit eran hëlt.

D'LSAP seet, hire Proposen no, géifen Akommes vun 12.000 Euro de Mount u méi belaascht ginn. Dat entsprécht engem Joresakommes vun ëm déi 144.000 Euro. Mat der LSAP géifen d'Steiere fir manner ewéi véier Prozent vun de Menagë klammen. Mä dës Stéit bezuele ronn 37 Prozent vun de Steieren.

Wou situéiere sech an deene Proposen elo beispillsweis d'Staatsbeamten?

Déi koumen den Donnéeë vun der Fonction publique no 2021 queesch duerch all Carrièren, Iessens- a Familljenzoulag inklusiv, an der Moyenne op bal 9.500 Euro de Mount, respektiv e Joresakommes vun 113.000 Euro. Deemno géifen d'Propose vun déi Gréng an LSAP d'Beamte mat héije Carrièren an Anciennetéit, déi iwwer der Moyenne leien, net entlaaschten, respektiv méi héich besteieren.

D'CSV versprécht bekanntlech jidderengem méi Netto vum Brutto. Mä hirem Walprogramm no hält d'Mëttelschicht dann awer bei engem Joresakommes vu 500.000 Euro op. Vun do u wëll si den Taux hiewen. Dovu betraff wiere just 1.230 Stéit, respektiv 0,2 Prozent vun alle Menagen, déi awer zesummen zéng Prozent vun de Steiere bezuelen.

D'Zuele weisen: Där Räicher, déi ee méi kéint besteieren, ginn et der net ganz vill. Där schmueler Schëlleren ëmsou méi. Mam onqualifizéierte Mindestloun läit een den Ament bei engem Joresakommes vun iwwer 30.000 Euro. Iwwert d'Hallschent vun alle Stéit, déi zu Lëtzebuerg besteiert ginn, Frontaliere mat abegraff, falen do drënner. Si bezuelen zesummen awer mol keng siwe Prozent vun de Steieren.

D'DP mécht an hirem Walprogramm keng konkret Proposen, déi ee mat deene vun den anere grousse Parteie vergläiche kéint.

Links:

Etude iwwert d'Traitementer vun de Staatsbeamten

CES-Steieranalyse vun 2021

RTL