D'Defense vum ugeklote Polizist, deen am Abrëll 2018 zu Bouneweg en 51 Joer ale Mann op der Fuite am Auto erschoss hat, ass jo an Appell gaangen.

Enn November zejoert war de fréiere Polizist zu enger Prisongsstrof vu 5 Joer mat 3 op Sursis verurteelt ginn an engem Dedommagement vun 21.000 Euro fir d'Fra vum Verstuerwenen. Um Dënschdeg geet den Appellsprozess un, deen op 2 Deeg ugesat ass.

D'Faite ginn zréck op 2018, wou en Automobilist den Uweisunge vun der Police net nokomm a fortgefuer ass. De Polizist vun deemools 22 Joer hat him doropshin de Wee mat sengem Gefier verspaart. Wou den Auto dunn op de Beamten duergefuer ass, huet dëse geschoss an de Chauffeur déidlech blesséiert.

Dem Ugeklote säin Affekot, de Philippe Penning, hat an éischter Instanz op Noutwier plädéiert. De Parquet hat 30 Joer Prisong wéinst Doudschlag gefuerdert.