E Méindeg koum et am Nomëtten an Owes zu zwee Déifställ um Belval an zu Déifferdeng.

Um Belval gouf an der Géigend vun der Universitéit géint 18.20 Auer e Jugendleche vun engem anere Jugendlechen ugeschwat, fir no enger Spend a Form vu Suen ze froen. Wéi d'Affer Suen aus der Täsch huele wollt, huet den Täter zougegraff an ass mat dësen a Richtung Gare fortgelaf. D'Police konnt am Kader vun den Ermëttlungen déi verdächteg Persoun, wéi och dräi weider Jugendlecher, déi beim Déifstall dobäi waren, festhuelen. Bei engem vun hinne gouf iwwerdeems Haschisch a Boergeld fonnt a saiséiert. Géint déi Verdächteg gouf Plainte deposéiert.

Zu Déifferdeng koum et e Méindeg am Nomëtten zu engem Iwwerfall an der Rue Pierre Neiertz. E Jugendleche krut hei vun zwou maskéierte Persoune seng Sacoche ofgeholl. Blesséiert gouf hien dobäi net, déi Verdächteg sinn nom Déifstall an d'Cité Breitfeld geflücht. Et gouf eng Plainte deposéiert an Ermëttlungen ageleet.

An der Stater Rue de Bonnevoie gouf iwwerdeems e Méindegowend en Drogendealer gepëtzt, nodeems Beamte bei dësem e staarke Cannabis-Geroch constatéiert haten. Bei enger Persounekontroll goufe bei him dunn 3 Päck Haschisch, e Plomb Kokain, eng Rei Messeren, eng Wo, Boergeld an e puer Handye fonnt a saiséiert. De Verdächtege gouf festgeholl a koum en Dënschdeg virun den Untersuchungsriichter, ier e fir d'Untersuchungshaft op Suessem iwwerstallt gouf.