D’Gesamt-Zomm, déi op der Lëtzebuerger Fongeplaz geréiert gëtt, ass op e Mount gekuckt weider liicht zréckgaangen, d’Zuel u Fonge bleift quasi d’selwecht.

Aus den neien Zuele vun der Iwwerwaachungskommissioun vun der Finanzplaz, der CSSF, geet ervir, datt 3.323 Fongen nach hei aktiv sinn.

Op ee Joer gekuckt sinn dat der awer 90 manner. D’Actifs ënner Gestioun sinn iwwerdeems op ee Joer gekuckt vu 5.300 Milliarden Euro op 5.195 Milliarden Euro zeréckgaangen.

Wéi de Chef vun der CSSF Claude Marx virun enger Woch hei erkläert huet, géinge spezifesch Fongen aktuell léiwer an Irland goen, well déi e bëssen Net-Duebelbesteierungsaccord mat den USA hunn. Wat d’alternativ Fongen ugeet, wier Lëtzebuerg nach ëmmer ganz attraktiv.