Dateschutz ass och zu Lëtzebuerg een Thema. D'Opkomme vun ëmmer méi kënschtlecher Intelligenz a Cyberkriminalitéit mécht d'Saach net méi einfach.

CNPD / Reportage Charel Thillen

Ob um Intranet vun der Aarbecht oder am Internet selwer. Notzer sollen oppassen, wat si deelen. Déi eegen Date kënne vun Drëtte gelies ginn, wa se bis online sinn. An den Internet vergësst ni. Déi national Kommissioun fir Dateschutz, oder kuerz CNPD, gëtt et schonn zënter 20 Joer. Ma zanter hirer Grënnung huet sech net nëmmen d'Medielandschaft extrem verännert. Och d'Quantitéit u perséinlechen Informatiounen, déi am Internet mee och an den Intranete vun Entreprisë zirkuléieren, ass explodéiert, erkläert d'Presidentin vun der CNPD Tine A. Larsen: "Do ginn eng Hellewull un Donnéeë gesammelt. Ganz vill Usere si sech net bewosst, datt déi Donnéeën ëmmer present am Netz bleiwen. Et ass ganz schwiereg eppes ze läschen, well di Saachen och ëmmer nees gedeelt ginn. Déi proliferéiere sech. Eng Donnée ass op ganz ville Plazen, dat kann ee bal net méi kontrolléieren."

D'Kommissioun bekëmmert sech awer net nëmmen ëm Privatpersounen. Ganz am Géigendeel: Dat wierklecht Suergekand si grouss Entreprisen, déi honnerten oder souguer dausende vu Leit bei sech agestallt hunn. Et muss ee garantéieren, dass d'Entreprisë sech un déi generell Reglementatioune fir Dateschutz halen. Dofir brauch et eng Zesummenaarbecht mam Ausland, sou d'Presidentin Tine Larsen: "A wou mer um europäeschen Niveau zu 27 zesummeschaffen, fir déi grouss Acteuren an der Gitt ze halen. An hinnen d'Reegele vum RGPD och nobréngen an oppassen, dass si se och wierklech anhalen."

Am Fall vun enger Violatioun vun den eegenen Donnéeën, kënne Privatpersounen eng Plainte maachen. Eleng 2022 hu knapps 350 Leit sech beklot, dass hier Donnéeën ouni Accord opgeruff goufen.

"Wa Persoune sech un eis adresséieren, versiche mir hir Rechter géigeniwwer vun der Firma duerchzesetzen. Dat muss dann zimmlech gutt begrënnt ginn an heiansdo, mee net ëmmer, geléngt dat eis och. D'Firme reagéieren a kommen den Ufroen no."

D'lescht Joer huet d'National Kommissioun fir Dateschutz Amenden am Wäert vu knapps 50.000 Euro geschriwwen. Donieft goufen 10 Enquêten duerchgefouert.

D'Zuel vum Datemëssbrauch ass 2022 am Verglach zum Virjoer an d'Luucht gaangen. Bei 63 Prozent vun de Fäll handelt et sech ëm e mënschleche Feeler.