Lëtzebuerg gehéiert zu den éischten europäesche Länner mat Zougang zur Impfung géint den RS-Virus, dee bei klenge Kanner uerg Bronchiolitten ausléise kann.

D'Immunisatiounscampagne huet e Méindeg den 2. Oktober an der Stater Maternité ugefaangen. Viséiert si virop Neigebuerener, déi elo an der Bronchiolitte-Saison tëscht Ufank Oktober an Enn Mäerz op d'Welt kommen. Si solle geschützt sinn, soubal si d'Maternité verloossen. Dat geschitt duerch eng intramuskulär Sprëtz an d'Cuisse.

De Beyfortus ass eigentlech keen Impfstoff, mee e Medikament mat Antikierper. "Donc le bébé ne doit pas réagir et fabriquer lui-même des anticorps. Les anticorps lui sont directement administrés", erkläert d'Dr. Isabel De La Fuente, Spezialistin fir Infektiounskrankheeten an der Kannerklinik.

Och Puppelcher, déi tëscht dem 1. Januar an dem 30. September 2023 gebuer goufen, sollen immuniséiert ginn, esou d'Recommandatioun vum Conseil supérieur des maladies infectueuses. Grad wéi kleng Risikopatienten ënner 2 Joer.

De Beyfortus soll de Risiko fir eng Hospitalisatioun wéinst enger Bronchiolite ëm 80% reduzéieren. Et wär e Medikament mat héijem Sécherheetsprofil, seet d'Dr De La Fuente. Et wär am Virfeld an Etüd mat Dausende Kanner getest a keng schlëmm Niewewierkungen notéiert ginn. Just liichter. Manner wéi ee Kand op 200 hätt Féiwer kritt.

D'Kannerdokteren an der Maternité soen, déi éischt zwee Deeg vun der Campagne wier d'Acceptanz bei den Eltere ganz grouss gewiescht. Et hätt een all déi Neigebuere kënnen immuniséieren.

An der Maternité Bohler um Kierchbierg fänkt d'Impfcampagne e Méindeg den 9. Oktober un. Et ass och méiglech d'Butze beim Kannerdokter am Cabinet impfen ze loossen. Allerdéngs géife lo mol prioritär d'Maternitéen d'Antikierper kréien.

Liest hei d'Recommandatioune vun der Santé a Bezuch zur Bronchiolite.

Zejoert gouf et jo eng besonnesch schlëmm Bronchiolitten-Epidemie. Tëscht Oktober 2022 an Enn Mäerz 2023 hu 421 kleng Kanner misse wéinst der Otemwee-Infektioun hospitaliséiert ginn. Dräi Véierel vun hinnen hunn Ënnerstëtzung bei der Ootmung gebraucht. 41 hunn esouguer missen op der Intensivstatioun behandelt ginn.