Beim Escher "Benu Village" gëtt et en Defizit vun enger Millioun Euro. Wéi konnt et esou wäit kommen? A wéi wëllt d’Politik dee Projet elo retten?

Et ass wuel dat, wat een e Projet-Phare nennt. Egal op Iessen, Miwwelen oder Gezei: wat aner Leit ewech geheie wëllen, gëtt am Escher "Benu Village" nach verwäert. Wéi d’Kolleege vum Tageblatt rezent gemellt hunn, hätt d’Benu Village asbl awer grouss finanziell Problemer. Wéinst engem Minus vun enger Millioun Euro géif d'asbl mat hire 40 Mataarbechter carrement virum Aus stoen. D’Benu Village asbl gouf 2015 gegrënnt. Deemools war et dat éischten Ecoduerf an der Groussregioun. Dësen ekologesch-soziale Projet huet sech virun allem der Kreeslafwirtschaft verschriwwen. E Projet, deen an de Geescht vun der Zäit passt, an deen dowéinst och mat ëffentleche Mëttele subventionéiert gëtt, ënnert anerem vun der Stad Esch. Den Escher Ëmwelt- a Klimaschäffen Meris Sehovic erkläert, dass Esch tëschent 2017 an 2023 iwwer verschidde Konventiounen am ganze 7 Milliounen Euro iwwerwisen hätt. D’Stad Esch hätt all hir Engagementer agehalen, an dass et elo esou grouss Liquiditéitsproblemer gëtt, hätt déi Responsabel an der Escher Gemeng dann awer iwwerrascht, betount de grénge Schäffen.

Donieft huet den Ëmweltministère tëschent 2017 an 2019 am ganzen 925.000 Euro aus dem Klimafong labber gemaach. Dëse Subside konnt awer net verlängert ginn, well déi legal Basis mëttlerweil geännert hat. Subsiden un asbl’en waren net méi méiglech. Den Ëmweltministère seet haut, et hätt een dat virun dräi Joer och kloer kommunizéiert. Trotzdeem huet d’Benu Village asbl wuel weiderhi mat de Sue vum Ëmweltministère gerechent. Esou huet sech an Tëschenzäit en Defizit vun enger Millioun Euro accumuléiert. Déi 40 Mataarbechter fäerten, esou den OGBL, dass mol net méi genuch Suen do sinn, fir d'Paien ze bezuelen.

Hannert de Kulisse gëtt elo probéiert, dëse Projet ze retten. De Projet u sech gëtt vun der Politik net a Fro gestallt. Tëschent den Zeile gëtt de Meris Sehovic awer ze verstoen, dass d’Gestioun vum Projet bei dëse Gespréicher eng Roll spille wäert: "D’Stad Esch krut vu Benu matgedeelt, dass si eng Léisung bräichte bis Enn Oktober. Fir eis ass et wichteg, eng Perspektiv fir d’Zukunft virzestellen, awer ganz sécher mat enger responsabeler Finanzgestioun a mat enger responsabeler Personalplanung. Dat sinn déi Punkten, op déi mir an den nächsten Deeg a Wochen an de Gespréicher mat Benu an dem Staat wäerten insistéieren."

Eng éischte Reunioun tëschent der Benu Village asbl, der Stad Esch an dem Ëmweltministère ass fir dëse Freideg ugesat. Déi ëffentlech Vertrieder wäerten sech do virun allem fir d'Finanzgestioun vun der Benu asbl interesséieren. Wann een sech do eens gëtt, kéint och den Ëmweltministère relativ kuerzfristeg Suen deblockéieren, well Ufank September en neit Gesetz fir den Ëmweltfong gestëmmt gouf, an domadder och erëm Subside fir asbl’en ausdrécklech erëm erlaabt sinn.