Weidere Sëtz fir d'LSAP?Schëfflenger Conseiller vun Déi Lénk Admir Civovic trëtt aus der Partei aus

RTL Lëtzebuerg
Zesumme mat véier weidere Memberen aus der lokaler Sektioun verléisst den Admir Civovic d'Partei.

Déi Lénk hunn eis confirméiert, datt déi Concernéiert an hirem Demissiounsbréif vu politeschen Differenze schwätzen. Wat genee den Hannergrond ass, dat weess d’Partei awer net. Et hätt een zanter Woche probéiert, d’Gespréich ze sichen. “Ouni Erfolleg”, heescht et vun Déi Lénk. D’Partei fuerdert, datt den Admir Civovic säi Sëtz am Schëfflenger Gemengerot un d’Partei zeréckgëtt, esou wéi hien dat an enger Declaration sur l’honneur ënnerschriwwen hätt. Den Admir Civovic hätt dëse Sëtz schliisslech nëmmen duerch d’Lëschtestëmme vun déi Lénk kritt, sou d’Partei.

D’Tageblatt hat dës Demissioun schonn e Mëttwoch gemellt. Am Artikel geet Rieds, datt de Lokalpolitiker Admir Civovic virun engem Wiessel bei d’LSAP géing stoen. D’LSAP-Koalitioun an der Schëfflenger Märei kréich dee Moment e Sëtz bäi.

PDF Schreiwes Déi Lénk

Back to Top
CIM LOGO