Froen op Froen, déi Affer sech ëmmer erëm stellen an op déi si warscheinlech ni eng Äntwert wäerte kréien. D’Myriam gouf am Alter vu 16 Joer vun enger Persoun aus dem Familljekrees sexuell belästegt a mat 18 Joer Affer vun haislecher Gewalt. Den Täter, e fréiere Partner, mat deem dat jonkt Meedchen zesummegewunnt huet. Dës 2 Doten hu bei der jonker Studentin déif Blessuren hannerlooss.
Affer vu sou Dote reagéieren dacks op déi selwecht Aart a Weis mat Schimmt, Scholdgefiller an Angscht.
Och zu deem Theema op RTL.lu: Sexuell Belästegung a Mëssbrauch: Wisou “geschitt näischt”? Wisou dauert d’Enquête esou laang?
Wëll dir Kontakt mat der Redaktioun ophuelen, da maacht ee Mail op dossier@rtl.lu.