Wisou "geschitt näischt"? Wisou dauert d’Enquête esou laang?

Sexuell Belästegung, Mëssbrauch, Vergewaltegung. A ville Fäll mellen d'Affer et net a wa se et mellen, fänkt dacks e laangen a luese Prozess un.
Ass et nëmmen en harmlose Flirt, e frëndschaftleche Geste oder awer sexuell Belästegung? Et kéint ee mengen, d'Grenz wier hei schwéier ze zéien. Et gëtt awer eng einfach Reegel: Et geet net drëms, wat de Géigeniwwer mat der Ausso oder dem Geste bezwecke wëll, mä wéi et bei der betraffener Persoun ukënnt. Esou mol eng Definitioun vu sexueller Belästegung. Zu Lëtzebuerg ass gesetzlech festgehalen, dass all Beréierung, déi dem Betraffenen ze wäit geet, strofbar ass. "Do schwätze mir lo net onbedéngt vun enger Beréierung un der Schëller, mä vu Beréierungen am Intimberäich, un de Brëscht oder à la limite wann een d’Been ze laang beréiert", erkläert den Affekot Brian Hellinckx.
Awer spillt beim "Attentat à la pudeur" och eng Roll, wat den Auteur vun dëser Dot maache wollt. Sollt et elo wierklech e frëndleche Gest gewiescht sinn, deen net béis gemengt war, mä vum Géigeniwwer schlecht opgeholl gouf, geet dat natierlech net duer, fir den Auteur ze bestrofen, präziséiert den Affekot. Et kann donieft jo och virkommen, datt eng Persoun d'Broscht oder den Hënner vun enger anerer Persoun "par accident" sträift. Dëst ass natierlech och net strofbar. De Brian Hellinckx präziséiert awer, datt wann een eng Persoun zum Beispill um Been upéckt, déi engem kloer ze verstoe gëtt, datt si dat net wëll an een awer domadder weiderfiert, kann dat an d'Kategorie "Attentat à la pudeur" falen.
Déi extreemste Form vu sexualiséierter Gewalt ass d'Vergewaltegung. Dëst ass all méiglechst Andrénge an de Kierper vum Betraffenen, ouni dass dës averstanen ass.
De Mâitre Brian Hellinckx ass den Ament mat engem Dossier beschäftegt, wou direkt e puer Frae vun deem selwechte Mann solle sexuell belästegt, erniddregt, manipuléiert an an zwee Fäll souguer sexuell mëssbraucht gi sinn. Den Dossier ass net einfach, well dat Ganzt réischt opgeflunn ass, well zwou betraffe Frae sech doriwwer ausgetosch hunn a gemierkt hunn, dass si net eleng sinn. Réischt duerno hu si sech zu Wuert gemellt an Hëllef beim Mâitre Hellinckx gefrot, deen dëst un d'Police Judiciaire viruginn huet. No an no hu sech och bei de Fraen ëmmer méi Betraffener gemellt, déi mat der selwechter Persoun änlech Faiten erlieft hunn. Op de Fall u sech kann een zu dësem Zäitpunkt net méi genee agoen. De Mâitre Brian Hellinckx erkläert eis awer, wisou Dossiere vu sexueller Belästegung a sexualiséierter Gewalt dacks keng einfach Affäre sinn.
Tabuthemen - Sexuelle Mëssbrauch an haislech Gewalt: "Mat 21 Joer hunn ech béides erlieft!"