Phase de vigilance bleift bestoenCote de vigilance zu Stadbriedemes dierft de Weekend iwwerschratt ginn

RTL Lëtzebuerg
D'Héichwaasserzentral ass weiderhin a Bereetschaft. Déi aktuell meteorologesch Situatioun deit op e potentielle Risk vun Héichwaasser hin.
Héichwaasserzentral ass weiderhin a Bereetschaft (Stand Samschdegowend)
Déi aktuell meteorologesch Situatioun deit op e potentielle Risk vun Héichwaasser hin.

Bei MeteoLux ass et eng Alerte jaune fir de Süde vum Land. Dës gëllt fir e Freideg an e Samschdeg vu 7 Auer bis 23.59 Auer.

Inondations.lu mécht dann och den Appell, dass ee soll “Uecht ginn”, besonnesch op der Musel. Nodeems d’Peegele kuerzzäiteg liicht gefall waren, ass et um Freideg am Nomëtteg d’Info, dass dës nees vun e Samschdeg u wäerte klammen.

An der Nuecht op e Sonndeg ass domat ze rechnen, dass d’Cote de vigilance vu 5m30 zu Stadbriedemes wäert iwwerschratt ginn.

Am Laf vum Sonndeg ass et méiglech dass de Peegel hei op 5m50, respektiv souguer op 5m70 kéint klammen.

Fir d’Auer zu Dikrech zum Beispill weisen d’Prognosen aktuell no ënnen. D’Cote de préalerte ass hei bei 4m20. E Freideg um 16.30 Auer war de Peegel bei 3m58. Eng selwecht Tendenz gëtt et fir d’Uelzecht zu Ettelbréck. Och do entspaant sech d’Situatioun nees.

D’Gemeng Ettelbréck hat schonn en Donneschdegnomëtteg eng Warnung erausginn, dass ee wa méiglech soll evitéieren, säin Auto um Parking Däich ofzestellen, respektiv um -1 vum Parkhaus.

Aktuell Trafic-Meldungen

PDF: Héichwaasserinformatioun fir d'Musel

Back to Top
CIM LOGO