A Richtung Stad
3 Blesséierter bei Kollisioun op der A4

© RTL
D'Ekippe vum CGDIS waren e Sonndeg de Mëtteg op en Asaz op der A4 an Direktioun Stad geruff ginn, bei deem et 3 Blesséierter gouf.
Kuerz virun 12.30 waren op der A4 a Richtung Stad zwee Autoen net laanschtenee komm. 3 Persoune goufe beim Accident blesséiert. Op der Plaz waren d'Ambulanciere vun Esch-Uelzecht, Keel a Stengefort, grad ewéi d'Pompjeeë vu Monnerech a Schëffleng.
Am meeschte gelies