Den OGBL huet e Mëttwochmëtteg matgedeelt, datt d'Direktioun bei Ampacet versicht huet, déi Salariéeën, déi streiken, vum Terrain ze verdreiwen.

Dat via Référé um Geriicht. E Mëttwochmoien hätt d'Direktioun da versicht, mat Interimsaarbechter d'Salariéen z'ersetzen. De Streik gouf e Méindeg bei Ampacet lancéiert, well d'Direktioun de Kollektivvertrag unilateral gekënnegt hat. Den OGBL rifft d'Leit op, aus Solidaritéit um Protestpiquet en Donneschdeg um 15 Auer deelzehuelen.