
Obwuel et quasi direkt un der Haaptstrooss läit, dierft ville Leit net bewosst sinn, datt et zu Boufer an der Gemeng Luerenzweiler ee Schlass gëtt. Haut ass et een Deel vun engem Altersheem, ma wärend dem Zweete Weltkrich gouf d'Gebai ganz anescht genotzt. Deemools waren hei kleng Kanner a Jugendlecher ënnerbruecht, mat engem Kannerheem, wéi mir et haut kennen, hat déi Ariichtung awer net ganz vill ze dinn.
"Lebensborn Moselland" huet d'Kannerheem geheescht, dat zu Boufer am Schlass bedriwwe gouf. "Born" leet sech vum alen däitsche Wuert fir Pëtz respektiv Quell of. D'Lebensborn e.V. gouf Enn 1935 op Initiativ vum SS-Chef Heinrich Himmler gegrënnt a gouf och an d'SS agebonnen. Zil war et, datt méiglechst vill Kanner, déi als rassesch héichwäerteg agestuuft goufen, op d'Welt komme kéinten. De Lebensborn huet sech virop u schwanger Frae geriicht, déi net an enger Relatioun waren. Deenen hir Situatioun war zu där Zäit nämlech net evident, wéi den Historiker a Pädagog vum Escher Resistenzmusée Jérôme Courtoy erkläert:
"Wann een als leedeg Fra schwanger ginn ass, huet een engem Stigma ënnerleeën. Du hues riskéiert, gesellschaftlech ausgeschloss ze ginn, dat heescht du hues éischter dozou tendéiert, fir datt dat net geschitt, ee Schwangerschaftsofbroch ze maachen. Obschonns et am Drëtte Räich esou war, datt am Fong de Contraire verlaangt gouf, d'Frae sollte méiglechst vill Kanner an d'Welt setzen."
D'Fraen hu sech misse mellen a goufe réischt opgeholl, nodeems eng Iwwerpréiwung erginn hat, datt se gewësse rassesche Krittären entspriechen.
An Däitschland selwer gouf et 9 Maternitéen an 2 Kannerheemer, spéider koumen der dunn nach 13 an de besate Gebidder dobäi. Hei war dat éischt Zil, fir d'Kontroll iwwer déi Kanner ze kréien, déi aus Relatioune vun däitschen Zaldote mat Fraen an de besate Gebidder ervirgaange sinn. Dozou huet eben och d'Boufer Schlass gehéiert. Dat war virdrun am Besëtzt vum Lëtzebuerger Schrëftsteller Marcel Noppeney, dee vun den Nazien ënnert anerem an d'Konzentratiounslager Dachau verschleeft gouf. De Lebensborn Moselland huet just vun 1943 bis 1944 existéiert, fir d'Joer 1944 geet vu ronn 20 Kanner a Jugendleche Rieds, déi do ënnerbruecht waren a sech an zwee Gruppen opgedeelt hunn.
"Op der enger Säit déi polnesch Kanner, déi op Lëtzebuerg verschleeft goufen, fir hei agedäitscht ze ginn. An ab Mëtt 1943 kommen awer och ëmmer méi Kanner aus anere Lebensborn-Heimer op Lëtzebuerg. Firwat? Well déi a Stied waren, wou Bomme vun den Alliéierte gefall sinn a fir déi eben a Sécherheet ze bréngen."

Geleet gouf d'Ariichtung vun dräi bis véier Schwësteren, dat ënnert der Opsiicht vun engem SS-Untersturmführer. Aarbechten am Haus an am Gaart goufe gréisstendeels vu KZ-Häftlingen duerchgefouert. Beluecht ass den Asaz vun zwou Fraen an zwee Männer, déi zu den Zeugen Jehovas gehéiert hunn. Schonn an der zweeter Hallschent vum Joer 1944 gouf d'Boufer Schlass awer nees opginn.
"Enn August, Ufank September gëtt de Lebensborn da schliisslech wéinst dem Virmarsch vun den Alliéierte geraumt an evakuéiert. Si kommen dann op Ansbach an een anert Heem, dat Heim Franken geheescht huet, a vun do aus gi se nach weider op aner Kannerheemer verdeelt. Dono wësse mer net, wat mat de Kanner geschitt ass."
Och iwwert den Alldag vun de Kanner a Jonken am Lebensborn zu Boufer ass net vill gewosst. Et gëtt just Aussoe vun Zäitzeien, déi Jonker bei sougenannte Leibesübunge gesinn hunn. Aus schrëftlechen Dokumenter géing nach ervirgoen, datt d'Mamme vun deene Kanner, déi aus anere Lebensborn-Heemer op Lëtzebuerg bruecht goufen, dës besiche konnten. Ob et dozou komm ass, wier awer net gewosst. Et war de Mamme vun deene Kanner, déi net verschleeft gi waren, generell erlaabt, mat hire Kanner a Kontakt ze bleiwen. Wa si dat net wollten, goufen d'Kanner meeschtens vun engem Heem an en anert respektiv vun enger Fleegefamill an déi aner virugereecht.
De Jérôme Courtoy ënnersträicht, datt et sech beim Lebensborn net ëm eng sozial Ariichtung gehandelt huet, mee hei an éischter Linn eng Noutsituatioun vu Fraen ausgenotzt gouf. Kanner, déi eng Behënnerung oder Krankheet haten oder net de rassesche Krittäre vun der SS entsprach hunn, goufen iwwerdeems am Kader vun der Kannereuthanasie ëmbruecht.