Feier geläschtGréissere Pompjeesasaz um Glacis: 4 Autoe verbrannt, 2 weiderer beschiedegt
Wéi User eis eragemellt hunn an och d'Police confirméiert huet, gouf et um fréie Sonndeg den Owend e gréissert Feier um grousse Parking um Glacis.
Autosbrand um Glacis (3.12.23)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Wéi d’Police confirméiert huet, hunn um Glacis véier Autoe gebrannt. Nodeem d’Pompjeeë d’Feier geläscht hunn, konnt ee feststellen, datt weider zwee* Ween beschiedegt goufen. D’Feier war géint 19.30 Auer aus.
Vun Aenzeie vun der Plaz heescht et, datt een eng Explosioun héieren hätt. D’Police kann dat net confirméieren, dofir misst een op den Ausgang vun der Enquête waarden, heescht et.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
*An enger éischter Versioun vum Artikel gouf et e klenge Malentendu, wéi mer vun 10 beschiedegten Autoe geschwat hunn. Bei de sechs Ween, déi beschiedegt goufen, waren déi véier, déi verbrannt sinn, mat agerechent.
Weider Impressiounen
Feier um Glacis
Plusieurs véhicules ont pris feu dimanche soir sur le parking du Glacis
Voitures en feu au Glacis 03/12/2023
Un incendie s’est déclaré ce dimanche soir dans la capitale impliquant plusieurs véhicules