
Wéi e Spriecher vun der Police confirméiert, huet beim Tëschefall eng Persoun eng Schosswonn erlidden. Wéi schro d’Affer blesséiert gouf, dozou ass bis ewell nach näischt bekannt.
Och ëm kuerz virun 20 Auer gëtt nach weider aktiv nom Verdächtege gesicht. Suspekt Persoune sollen dem 113 gemellt ginn. Eng genee Beschreiwung vum presuméierten Täter kann d’Police den Ament nach net ginn.