E wichtege Punkt bei der Gedenkzeremonie fir d'Ardennenoffensiv war dëst Joer d'Erënnerung un d'Geschicht an de Lien mat aktuelle Kricher.

Um Schumannseck bei Wolz huet Lëtzebuerg de 16. Dezember 1944 déi bluddegst Schluecht wärend dem Zweete Weltkrich erlieft. Et war dem Hitler säi leschte Versuch nach Terrain gutt ze maache géint déi alliéiert Truppen un der Westfront. Am verschneite Wanter virun 79 Joer si méi wéi 20.000 amerikanesch Zaldoten ëm d'Liewe komm an och honnerten Ziviliste sinn eleng hei am Grand-Duché wärend der sougenannter Ardennenoffensiv gestuerwen.

Um Samschdeg de Moie war beim Gedenkmonument op der bekannter Kräizung am Éislek eng offiziell Zeremonie fir un déi däischter Zäit deemools z'erënneren an awer och de Lien ze maache mat aktuelle Kricher.

Schüler aus dem Nordlycée hu bei der Gedenkzeremonie um Schumannseck bewisen, datt och déi Jonk sech weider mat Vergaangenheet a Krich beschäftegen. Si hunn erkläert, wéi si an hirer Schouloptioun "Passeurs de mémoire" op verschidde Manéieren Themen opgräifen, fir datt den Zweete Weltkrich an och méi rezent bluddeg Ausernanersetzungen net vergiess ginn. Eng jonk Ukrainerin an ee Schüler, deen aus dem Afghanistan geflücht ass, hunn och vun hire perséinlech Erliefnisser erzielt. Et wier wichteg déi Jonk an d'Erënnerungsaarbecht mat anzebannen, huet a senger Ried och de Chamberpresident Claude Wiseler betount.

Um 79. Joresdag vum Ufank vun der Ardenneschluecht gouf um Samschdeg och offiziell en Dokumentatiounszenter zu Léiler ageweit. Dausende vun historeschen Dokumenter, Fotoen a Bicher sinn hei ausgestallt. Si kënnen online an awer och perséinlech consultéiert ginn, dat all Samschdegmoien oder op Rendez-vous. Den Dokumentatiounszenter ass zu Léiler an der Gemeng Clierf a gëtt vum Cercle d'Études sur la Bataille des Ardennes geréiert.