Schonn zanter 56 Joer ass d'NSPA, déi fréier NAMSA, am Grand-Duché. Zanterhier hat sech um Site kaum eppes gedoen.

Ma elo kritt d'NATO-Agence zwee nei, modern Gebaier. D'Verdeedegungsministesch an d'Directrice vun der NSPA hunn en Dënschdeg selwer d'Schëpp an de Grapp geholl.

D'NATO-Agence op der Cap kritt zwee nei, modern Gebaier / Dany Rasqué

Dobäi war et sécher méi de symbolesche Gest, dee gezielt huet. D'Plaz, wou d'Gebaier hikommen, hunn d'Baggeren nämlech déi lescht Wochen iwwer scho virbereet. Fir d'Verdeedegungsministesch Yuriko Backes war et awer ouni Zweiwel e wichtegen Dag, e Schratt a Richtung vu méi engem sécheren Europa: "Mir sinn an enger Situatioun, wou mer ganz vill Aarbecht fir d'NSPA hei hunn. Hei schaffen iwwer 1.000 Leit. Mat der geopolitescher Situatioun sou wéi se haut ass, ass natierlech d'NSPA och gefuerdert. Dofir ass dat hei e Projet, dee ganz wichteg ass, fir déi Leit, déi hei schaffen."

D'NSPA spillt virop eng grouss Roll, wann et drëms geet, militäresch Ekipementer ze kafen. Si ass dofir e wichtege Partner fir d'Lëtzebuerger Verdeedegung, mä och fir d'NATO -Memberstaaten.

"Lëtzebuerg schafft ganz enk mat der NSPA um bilateralen Niveau, fir dass mir eis defense-méisseg besser kënnen opstellen, mä och als NATO. Als NATO-Alliéierten. Dat heescht fir eis eegen Defense, mä och am Intressi vu sämtlechen NATO-Partner."

Wann ee vu militäreschen Ekipementer schwätzt, denkt ee vläicht fir d'éischt u Panzer a Waffen, ma den IT-Beräich ass mëttlerweil grad esou wichteg.

"Lëtzebuerg huet zum Beispill zesumme mat Estland d'Roll vu Lead Nation an enger IT-Koalitioun iwwerholl. Dat heescht, fir d'Ukrain och informatesch besser opzestellen. Kommunikatiounsméisseg besser opzestellen. Och dat maache mer zesumme mat der NSPA, déi eis hëlleft, do déi richteg Ekipementer do ze kafen."

Aarbechten, déi an ongeféier zwee Joer aus méi modernen, effizienten an nohaltege Büroe kënne gemaach ginn.
Dësen Infrastruktur-Programm kascht 350 Milliounen Euro. 200 Milliounen dovunner gi vum Lëtzebuerger Staat bezuelt.