De Futtballprofi vun de roude Léiwen huet sech wéinst Kierperverletzung an dräi verschiddene Fäll misste veräntweren.

Den Dag no der Partie vun der FLF-Formatioun géint Kasachstan, gouf de Futtballnationalspiller e Mëttwoch um Geriicht an der Stad zu 18 Méint Prisong mat Sursis probatoire an enger Amende vu 1.500 Euro verurteelt.

Dat wéinst Kierperverletzung an e puer Fäll. Dorënner e Fall vun haislecher Gewalt géintiwwer senger deemoleger Frëndin. Donieft, esou d'Decisioun vum Geriicht, muss den Gerson Rodrigues, deen haut op en Neits net weider present war, d'Affer entschiedegen. Der concernéierter Fra muss de Fussballer ronn 2.430 Euro Indemnitéit bezuelen.

D'Magistrat huet deemno en Urteel gesprach, mat méi engem héije Strofmooss, wéi de Parquet gefrot hat.

Op Nofro hin huet den Affekot vum Gerson Rodrigues, de Me Guillaume Rauchs, RTL géintiwwer betount, dass si an Appell géint dat Urteel wäerte goen.

A sengem Requisitoire uganks dës Mounts hat den Me Rauchs nämlech de Fräisproch vu sengem Mandat gefuerdert, wat d'Reprochë vun der haislecher Gewalt géint dem Rodrigues seng deemoleg Partnerin ugeet. Aus der turbulenter Nuecht am November 2022 an den Aussoen, déi viru Geriicht gemaach goufen, kéint ee senger Meenung no keng kloer Conclusiounen zéien, de Gerson Rodrigues deemno och net schëlleg schwätzen. De Parquet hat dat anescht gesinn. De Riichter och wéi aus sengem Urteel kloer erauszeliesen ass.

Urteel an der Affär Rodrigues / Reportage Pierre Jans

Fuerderunge vum Parquet a vun der Defense

Ufank Mäerz hat de Parquet 15 Méint Prisong integral op Sursis fir de Gerson Rodrigues gefrot, dat wéinst haislecher Gewalt géintiwwer senger deemoleger Frëndin an zwou Kierperverletzungen virun Diskoen oder aneren Etablissementer an der Stad. Och hat de Vertrieder vum Parquet Ufank Mäerz gefrot, datt de Futtballprofi an eng Anti-Aggressivitéitstherapie géif maachen an d'Affer misst entschiedegen.

Den Affekot vum Gerson Rodrigues dogéint huet e Fräisproch fir säi Mandant gefuerdert, dat, well hie grad d'Aussoe vun der Exfrëndin an d'Roll vun de Beamten op der Plaz an dem Parquet, déi sech ze séier eng eege Meenung gemaach sollen hunn, a Fro gestallt huet.

Wat war geschitt?

Ee Fall vu Kierperverletzung geet op en Owend am Mäerz 2019 zeréck, wou de Gerson Rodrigues engem anere Mann virun engem Etablissement op der Stater Gare an d'Gesiicht geschloe soll hunn. Dat presuméiert Affer hätt Frakturen am Gesiicht erlidden a wär méintelaang net kapabel gewiescht, schaffen ze goen. Och gouf de Mann dräi Mol dowéinst operéiert. Am Ganze freet seng Affekotin eppes iwwer 90.000 Euro Schuedenersatz vum Ugekloten.

Am Juni 2022 soll de Gerson Rodrigues engem anere Mann nees virun engem Nuetsclub an der Stad mat der Fauscht an d'Gesiicht geschloen hunn. Dat presuméiert Affer hätt en Zant verluer. Allerdéngs wären dëse Mann an de presuméierten Täter sech eens ginn, sou dass déi concernéiert Persoun sech keng Partie civile constituéiert huet.

Déi rezentst Reprochë géint de Gerson Rodrigues datéieren op de 25. November 2022. Nees geet et ëm eng laang Soirée, bei där verschiddenen Zeien no Alkohol am Spill war. De Gerson Rodrigues kritt dann och reprochéiert, seng fréier Frëndin, d‘Miss Luxembourg 2020, a besoter Nuecht an d'Gesiicht geschloen ze hunn. Si selwer hat de Futtballspiller deen Owend net belaascht. Eréischt e puer Méint drop hat si him op de soziale Reseaue virgehäit, si an der Nuecht blesséiert ze hunn. De Gerson Rodrigues hat déi Reprochë vu sech gewisen.

Op dee fréie Moien am November geet och d'Uklo wéinst Beamtebeleidegung zeréck. Dat ass och déi eenzeg Dot, déi de Futtballspiller bis ewell zouginn huet a fir déi hie sech och entschëllegt huet.