No der 0:2-Defaite a Georgien de leschten Donneschdeg hunn d'Rout Léiwen en Dënschdeg e Frëndschaftslännermatch géint Kasachstan gespillt.

D'Kasachen hate jo an der zweeter Halleffinall vum Playoff fir d'EM mat 0:5 géint Griicheland verluer. Deemno hu béid "Verléierer" am Stade de Luxembourg géintenee gespillt. Duerch jeeweils ee Gol vum Gerson Rodrigues an Danel Sinani wannen d'Rout Léiwe mat 2:1 géint Kasachstan. De genauen Detail kënnt Dir an eisem Liveticker noliesen.

Reaktioune vun de Lëtzebuerger
Interviewe mam Luc Holtz, Danel Sinani, Mathias Olesen, Laurent Jans a Gerson Rodrigues.

Resumé vum Match

Schonns mat enger vun den éischten Aktioune vum Match konnten d'Gäscht a Féierung goen. No engem Fräistouss an der 2. Minutt stoung um zweete Potto de Sadybekov ganz eleng a konnt mam Kapp markéieren. Do hat d'Lëtzebuerger Defense net gutt ausgesinn.

An der Suite sinn d'Rout Léiwen awer wakereg ginn an hate bis zur 10. Minutt direkt zwou richteg gutt Chancen. Zweemol konnt de kasachesche Golkipp e Kappball vum Christopher Martins vun der Linn krazen.

No zéng méi rouege Minutte war et dunn eng excellent Offensivaktioun vun de Roude Léiwen iwwer Borges a Sinani. No deem senger Flank konnt de Gerson Rodrigues den Ausgläich per Kapp markéieren.

Nëmmen 2 Minutte méi spéit waren d'Jonge vum Trainer Luc Holtz dunn och nach bal a Féierung gaangen. De Schoss vum Danel Sinani ass awer just widder de Potto gaangen.

Analys Lëtzebuerg - Kasachstan
D'Rout Léiwen hate sech jo mat 2:1 géint d'Kasache behaapt.

Méi spéit huet de Spiller vu St. Pauli dunn nees eng gutt Aktioun gehat, mee déi Kéier war et d'Lat, déi d'Féierung vun de Lëtzebuerger verhënnert huet.

An der 45. Minutt huet den Danel Sinani sech dunn awer fir seng gutt Leeschtung an der 1. Hallschent belount, well do huet hie mat engem Distanzschoss den 2:1 geschoss.

D'Goler aus der 1. Hallschent
An der Paus stoung et 2:1 fir d'Lëtzebuerger.

Och an der zweeter Hallschent waren d'Rout Léiwe spilleresch besser ewéi d'Kasachen, déi hirersäits nach ëmmer bal nëmmen no Corneren oder Fräistéiss geféierlech waren.

D'Lëtzebuerger hate bis op eng gutt Chance vum Gerson Rodrigues awer och net méi esou vill Offensivaktioune wéi nach an den éischte 45 Minutten.

Bis op en Distanzschoss vum Leandro Barreiro ass och dono bis zum Schluss net méi vill Nennenswäertes geschitt, esou dass d'Rout Léiwen dës historesch Campagne mat enger Victoire ofschléissen.