De Lëtzebuerger Futtball-Nationalspiller war viru Geriicht e Mëttwoch net present.

De Parquet freet e Mëttwoch 15 Méint Prisong fir de Gerson Rodrigues mat Sursis probatoire, dat an der Affär vu presuméierter haislecher Gewalt géintiwwer senger deemoleger Frëndin. Donieft gëtt eng Anti-Aggressivitéitstherapie an eng Indemnisatioun fir d'Affer gefrot.

D‘Urteel ass fir de 27. Mäerz geplangt, een Dag nom Futtball-Lännermatch vun der Lëtzebuerger Nationalekipp an enger méiglecher Qualifikatioun fir d'EM 2024 an Däitschland.