Fedil-EnquêteAn den nächsten zwee Joer ginn an der Industrie knapp 2.000 Leit gesicht

Maxime Gillen
Lynn Cruchten
Gesicht gi Leit haaptsächlech an de Beräicher vun der Constructioun, den Industrieberuffer, der Informatik, der Administratioun a vum Transport.
An den nächsten zwee Joer ginn an der Industrie knapp 2.000 Leit gesicht
Gesicht gi Leit haaptsächlech an de Beräicher vun der Constructioun, den Industrieberuffer, der Informatik, der Administratioun a vum Transport.

Engersäits fir Leit z’ersetzen, déi an d’Pensioun ginn, an anerersäits well Betriber nei Aarbechtsplaze schafen. Dat geet aus engem Sondage bei de Membere vun der Industriellefederatioun Fedil ervir, deen um Donneschdeg presentéiert gouf. Proportional sollen déi meeschten nei Plazen am Beräich vum Transport geschaaft ginn.

Vill nei Plazen wäerten och an der Informatik ausgeschriwwe ginn. Am administrative Beräich sollen dogéint méi Plazen ersat, wéi nei geschaaft ginn.

D’selwecht an der Constructioun. Hei hunn d’Betriber den Ament an der Haaptsaach wëlles Leit z’ersetzen, déi an d’Pensioun ginn. Wéinst där aktuell méi schwiereger wirtschaftlecher Situatioun kënne vill Constructiounsbetriber net soen, wéi vill Leit si an den nächste Méint wäerte brauchen.

Wat d’Formatioun ugeet, weist de Sondage kloer, dass eng Première eleng net méi duergeet, esou de Marc Kieffer vun der Fedil.

„Mir stelle fest, datt mer nach ëmmer eng ganz grouss Demande hunn, wat den Niveau DAP ugeet, dat heescht, Léier, ofgeschlosse Léier an dann eeben technesch Beruffer ewéi Bachelor professionalisant, den Technicien an och de Masterniveau.“

An der Constructioun si bal d’Hallschent vun de Plaze fir Leit mat engem DAP. Nieft der Orientatioun vun de Jonken hei zu Lëtzebuerg, läit de Fokus vun der Regierung och dorobber, Leit aus dem Ausland unzezéien. An dat net méi nëmmen an Europa. Wéi den Aarbechtsminister Georges Mischo erkläert, soll nach virum Summer e Gesetzesprojet op den Instanzewee kommen, fir Leit aus Drëttlänner kënnen hei z’engagéieren.

„D’ADEM an den Aarbechtsministère schaffe ganz äifereg un deene Mesuren do, well et net ëmmer einfach ass, well vun alle Säiten Drock gemaach gëtt a well mer eng ganz Rei vu, jo, Secteuren awer och Firmen hunn, déi soen, mir brauche Leit, mir brauche Leit a mir fannen net onbedéngt der.“

Dat wier awer net eleng e Lëtzebuerger Phenomen, dowéinst géif een och mat den europäesche Partner zesummeschaffen.

Link: Fannt hei déi ganz Enquête um Site vun der Fedil

Back to Top
CIM LOGO