Locatairë wiere Verléierer bei Mesurëpak vun der Regierung

© pexels.com / PhotoMIX Company
D'CSL stellt dem Gesetzesprojet vun der Regierung iwwert de Mesurëpak, fir de Logementsmarché unzekuerbelen, en negativen Avis aus.
D'Salariatskammer verwerft d'geplangte steierlech Virdeeler fir Investisseuren an Immobiliëbesëtzer. Déi Instrumenter, déi d’Regierung jo plangt, fir de Bau vu Wunnengen ze relancéieren, géingen deier kaschten an hir Effikassitéit wier déi lescht Joerzéngten, wéi et se scho gouf, net evaluéiert ginn. D'Chambre des salariés ënnersträicht an hirem Avis zum Mesurëpak vun der CSV-DP Regierung, datt een eng weider Konzentratioun vun de Besëtzverhältnisser sollt verhënneren.
An hiren Ae géingen déi patrimonial Inegalitéiten d'Kris vum Logement verschäerfen. Dat an d'Spekulatioun wieren d'Haaptgrënn dofir, datt net genuch géing gebaut ginn. D'Chambre des salariés fuerdert ënner anerem eng méi staark Besteierung vun der "Multipropriétéit". Se stellt och fest, datt d'Locatairen déi Vulnerabelst an d'Verléierer beim Mesurëpak vun der Regierung sinn.
D'CSL begréisst awer all d'Mesuren, déi d'Regierung plangt, fir den abordabele Wunnraum unzekuerbelen oder Keefer vun enger éischter Wunneng ze ënnerstëtzen.