Police warnt virun Arnaquë per SMS

© Envato Symbolbild
An der Lescht hätt et nees méi Affere ginn, déi ee Message kruten, hir Bankkaart géif geschwënn oflafen, dofir misste si hir Donnéeën antippen.
Duerno hätt eng Persoun ugeruff, déi sech als Mataarbechter vu LuxTrust ausginn hätt. Bei der SMS géing et sech ëm e Fake handelen an d'Affer misst elo iwwer Telefon seng Login-Date matdeelen, fir net Affer vun engem Trick ze ginn.
Duerno kéim da souguer eng Persoun d'Kaart sichen a géif dann duerno Sue mat der geklauter Kaart ophiewen. D'Police deelt mat, et soll een déi Messagë mam Numm "CCSS / CNS" ignoréieren.
Persounen, déi awer Affer goufen, solle bei der Police Plainte maachen. Informatiounen doriwwer, wéi ee sech géint esou kriminell Arnaquë protegéiere kann, fënnt een um Site vun der Police.