"Stëllstand hätt héchstwarscheinlech e Réckschrëtt bedeit", esou Premier Frieden
No der Reprise vun Intelsat huet d'SES e Commanden-Carnet an Héicht vun 9 Milliarden, mat Revenue vun 3,8 Milliarden.
Et ass en décke Coup am Satellitten- an Telekommunikatiounsdomaine: fir 2,8 Milliarden Euro iwwerhëlt d'SES de Konkurrent Intelsat a suergt domat fir kloer Relatiounen an deem Secteur.
Wéi et en Dënschdeg de Moie vum Satellitten-Operateur zu Betzder offizialiséiert gouf, hätt een all d'Aktie vun Intelsat iwwerholl. Eng Firma, déi u sech sollt d'SES iwwerhuelen, respektiv duerno mam Betzder-Konkurrent fusionéieren. Dës Verhandlunge waren awer zejoert am Sand verlaf, well et kee Konsens iwwer d'Prioritéite vum Betrib gouf.
Deen neie Satellitte-Leader um Weltmarché huet deemno eng Flott vun 130 Satellitten op geo-stationären a mëttleren terrestreschen Orbit-Positiounen.
De Premierminister Luc Frieden weist sech erfreet iwwert d’Nouvelle. "An engem schwierege Kontext, wou Stëllstand fir d'SES héchstwarscheinlech e Réckschrëtt bedeit hätt, sinn ech frou, datt d'SES konnt eng aner Firma opkafen an datt net d'SES opkaaft ginn ass, datt se sech preparéiert op d'Zukunft. An dat ass d'Aufgab och vun dem Staat als Aktionär an esou engem Betrib."

© Pedro Venâncio/RTL
Och fir an der Verdeedegung als seriöe Partner vun der Nato a vun der Europäescher Unioun gesinn ze ginn, misst een seng Aufgaben erfëllen, sou de Luc Frieden op engem Point Press. Dat besonnesch, wann een déi international Situatioun géing kucken.
"Lëtzebuerg baut bekannterweis keng Fligeren a Panzeren. Ech mengen, datt mir kënne e Bäitrag leeschten, och, mee net nëmme duerch de Beräich vun de Satellitten, de Kommunikatiounen, déi do derbäi sinn. An duerfir mengen ech, ass dat schonn e Secteur, dee mer musse weider ausbauen. An do huet d'SES och eng Technologie a Moyenen, déi kënnen eis an eisen Alliéierte hëllefen."
No der Reprise vun Intelsat huet d'SES e Commanden-Carnet an Héicht vun 9 Milliarden, mat Revenue vun 3,8 Milliarden an engem EBITDA vun 1,8 Milliarden Euro.
Net méi spéit wéi en Dënschdeg hat d'SES d'Trimester-Zuele matgedeelt, wou mat Recettë knapp ënner 500 Milliounen Euro ofgeschloss gouf. "Intelsat" huet säi Siège zanter 2010 hei am Land a gouf 1964 gegrënnt. D'Bourse-kotéiert Firma beschäftegt eng knapp 1.800 Leit. Den operative Siège ass am Virginia an den USA.
D'Transaktioun muss nach vun den europäeschen an amerikanesche Konkurrenz- a Kartell-Autoritéite guttgeheescht ginn. De Lëtzebuerger Staat ass dee gréissten Aktionär vun der SES, dat och via d'SNCI an d'Spuerkeess.
D’Aktie ginn op de Bourssen zu Lëtzebuerg a Paräis gehandelt. Vizepresidentin vum SES-Verwaltungsrot ass dann och mam Anne-Catherine Ries eng Vertriederin vum Lëtzebuerger Staat. D'Firma gouf 1985 als Pionéier an der Satellitten- a Weltraum-Geschicht gegrënnt a beschäftegt eng 2.300 Leit. Wéi d'SES mellt, erreecht ee via eng 6.400 Videochaînen iwwer 360 Millioune Stéit weltwäit.