Falsch Maile vu Payconiq am Ëmlaf

Aktuell zirkuléiere Mailen an deenen den Empfänger matgedeelt kritt, dass säin Zertifikat fir Payconiq ofgelaf wier.
E Freideg am Laf vum Mëtteg krut d'RTL-Redaktioun eng Partie esou Mailen.
Wann een den Zertifikat net bannent 3 Deeg erneiere géif, kéint ee keng Sue méi iwwerweisen a seng Rechnungen net méi bezuelen, heescht et weider am Mail.
Et gëtt een dozou opgefuerdert, säin Zertifikat ze erneieren. Dofir muss een op e Link klicken an eng Partie Donnéeën aginn. Heibäi handelt et sech ëm e Versuch vu Phising, mat deem versicht gëtt, un d'Donnéeë vu Persounen ze kommen.
Wien esou e Mail kritt, soll dësen also läschen an net op de Link an der Mail klicken.
Wat ass Phishing a wéi kann ech mech schützen
De Steve Müller vu Bee Secure erkläert am Interview, wat Phishing genee ass, wéi ee sech schütze kann a wéi ee sech verhale soll, wann een op eng Phishing-Arnaque eragefall ass.