E MëttwochPolice pëtzt Abriecher an der Stad, net esou vill Chance zu Wolz an Useldeng

RTL Lëtzebuerg
D'Police mellt e Mëttwoch dräi Abréch uechter d'Land. An engem Fall konnt de presuméierten Abriecher festgeholl ginn.
© RTL-Archiv

E Mëttwoch am spéiden Nomëtteg gouf der Police een Abroch en ee Gebai an der Avenue de la Liberté am Garer Quartier an der Stad gemellt. Net wäit fort konnten d’Beamten de Verdächtege stellen. De presuméierten Abriecher gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a gouf en Donneschdeg de Moien dem Untersuchungsriichter presentéiert, deen en Haftbefeel géint hien ausgeschwat huet.

Zwee weider Abréch gouf et e Mëttwoch zu Wolz an Useldeng. Zwee Abriecher hate sech am Nomëtteg an der Rue Michel Thilges zu Wolz Zougang zu engem Haus verschaaft, wou si nieft Bijouen och nach Schong geklaut hunn. Mat de Wäertgéigestänn konnte si sech duerch d’Bascht maachen.

Ganz änlech ass et e Mëttwoch am Nomëtteg och an der Rue d’Everlange zu Useldeng zougaangen, wou d’Abriecher e puer Raim duerchwullt hunn. A béide Fäll war d’Spueresécherung duerno op der Plaz an et gouf eng Enquête an d’Weeër geleet.

E puer nëtzlech Tuyauen dozou, wéi ee sech am beschte géint Abréch schützt, gëtt d’Police op hirem Site.

Back to Top
CIM LOGO