Deemools ewéi haut wëll een de Mënsche Freed maachen














































































































































































































































































































































































































































































































Um Päischtméindeg war dat 74. Geenzefest zu Wolz. 26 Gruppe waren dëst Joer mat dobäi.
Trotz enger klenger Schauer, kuerz éier de Cortège um 14.30 Auer lassgaangen ass, haten eng ganz Partie Mënschen de Wee op Wolz fonnt. Dëst Joer stoung d'Parad ënnert dem Motto "Wooltz am Dschungelféiwer". "Dat Thema huet eis am beschte gefall", erkläert d'Stefania Nicks, Presidentin vum Geenzecomité. Sech en Thema ze ginn, gouf an de 50er Joren agefouert, fir Ofwiesslung an de Cortège ze bréngen.
Iwwert d'Joren huet sech awer och de Cortège geännert. De Jang Weber vum Syndicat d'initiative et du tourisme vu Wolz erzielt, dass emol 56 eenzel Gruppe mat dobäi gewiescht wieren. Dat wier haut net méi esou. Ma och d'Bevëlkerung vu Wolz hätt sech geännert. Se wier méi multikulturell ginn an dat géing sech och am Cortège erëmspigelen.
Esou e Fest z'organiséieren ass awer och eng ganz Partie Aarbecht. "Am Dezember, Januar, fänke mir domadder un, en Thema erauszesichen", erkläert d'Stéphanie Nicks. Ma och eng Geenzekinnegin muss fonnt ginn. Hei konnten déi jonk Frae sech beim Syndicat mellen a goufen dann an en Interview geruff. Iwwerzeege konnt dëst Joer déi 18 Joer jonk Amy Scheer. Hir Aufgab wäert sinn, Wolz ze representéieren. Dat op enger ganzer Rei Fester am Land. Um Wäifest, um Rieslingsfest oder op der Schueberfouer um Kinneginnendag fir just e puer Beispiller ze nennen.
































D'Geenzefest gouf 1949, 4 Joer nom Krich, vum Wëlzer Fotograf Tony Mander agefouert. Méiglecherweis hat hie sech un änleche Fester am Ausland inspiréiert. D'Léit hätten nom Krich nees wëlle feieren an aus sech erausgoen, seet de Jang Weber. All Veräi wier vun Ufank u stolz gewiescht, kënnen do matzemaachen.