Op der Stater Gare
Eng net geluede Schreckschosspistoul ass e Méindeg de Moie saiséiert ginn
Passanten haten kuerz viru 6 Auer der Police gemellt, datt eng Persoun aus engem Zuch erausgeklomme wier, déi wuel eng Waff bei sech hätt.
Wéi d'Police schreift, wier d'Waff beschlagnaamt an de Mann protokolléiert ginn.
6 Fürerschäiner agezunn
D'Police schreift dann och nach um Méindeg an der Mëttesstonn, dass bannent "de leschte Stonnen", 6 Fürerschäiner hu mussen agezu ginn, well Automobilisten ze vill gedronk haten. Dat wier de Fall gewiescht zu Schieren, Bäerdref, Ueschdref, Ettelbréck, Péiteng an an der Stad.
Am meeschte gelies