Pilgerfaart op d'Përmesknupp
Traditiounen op Päischtméindeg si Pilgerfaarten ewéi déi bei den hellege Willibrord op den Helperknapp.
Nach méi uewen am Eislék, op der Përmesknupp tëscht Kauneref a Bidscht pilgeren all Joers op Päischtméindeg Gleeweger bei d'Kapell vum Hellege Pirminius. De Benediktinermënch soll am 8. Joerhonnert d'Quell déi hei entspréngt, geseent hunn.
D'Waasser aus der Quell soll bei Krankheeten hëllefen. Och dëst Joer hu sech Pilger beim schéinem Wieder op de Wee bei d'Plaz ronderëm d’Kapell, déi aus dem 18. Joerhonnert staamt, gemaach.
Schonn am 16. Joerhonnert sollen hei op Päischtméindeg Priedegte gehale gi sinn. Den hellege Pirmin soll am 8. Joerhonnert hei passéiert sinn. Hien hätt Problemer mat den Ae gehat a vum Quellewaasser hätt hie seng Ae geheelt kritt. Hien hätt hei och seng Bestëmmung fonnt, dass hien als Wander-Bëschhof duerch Europa soll zéien.