250 Milliounen Euro, fir den Immobiliëmaart ze relancéieren
Dëse "Vehikel fir speziell Zwecker" ass eng nei Firma, déi dofir do ass, Appartementer a Projeten, déi soss net aus de Startlächer kommen, ze kafen.
D'Situatioun am Logement ass weider schwiereg. D'Banke stellen zwar fest, dass den Intressi fir gebrauchten Objete rëm liicht zouhëlt, mä de Verkaf vun neien Appartementer ass nach ëmmer op engem Déifpunkt. Dat huet negativ Auswierkungen op déi ganz Ekonomie an domadder och op d'Geschäft vun de Banken. Et ass da warscheinlech och eng Portioun Eegeninteressi dobäi, wa sech dräi Banken an d'SNCI zesummendinn, fir mat 250 Milliounen Euro aktiv an den Immobiliëmaart anzegräifen. Mat engem neien Instrument soll de Marché kuerzfristeg relancéiert ginn.
D'Spuerkeess, d'BIL, d'Raiffeisekees an d'SNCI huelen zesummen dës Zomm an de Grapp a grënnen domadder e "Vehikel fir speziell Zwecker", wéi dat am Finanzjargon heescht. Et ass eng nei Firma, déi dofir do ass, Appartementer a Projeten, déi soss net aus de Startlächer kommen, ze kafen. Viséiert si Projeten, wou schonn eng Prévente gemaach gouf, ma nach 20 oder 30 Prozent feelen, fir op déi 80 Prozent ze kommen, datt d'Garantie d'achèvement kann ausgestallt ginn, erkläert de CEO vun der ABBL Jerry Grbic.
D'VEFA-Appartementer, déi kaaft ginn, musse gewësse Konditiounen entspriechen. Luxuriéis Penthaiser oder butzeg Studentebude gehéieren net dozou. Et gëtt och net de volle Präis, deen um Maart gefrot gëtt, bezuelt. De Promoteur muss eng Décote a Kaf huelen, kann awer den Objet zu all Moment selwer zu engem bessere Präis verkafen, wann hien dann e Keefer huet.
De Staat ass un dësem Projet net direkt bedeelegt, mä de Finanzminister lueft dës Initiativ, well hei u sech net d'Promoteure solle profitéieren, mä datt déi Leit, déi am Secteur schaffen, hir Plaze kënne behalen. Och geet duerch esou e Schratt d'Offer erop, wat och nees dofir suergt, datt d'Präisser sech stabiliséieren, esou de Gilles Roth.
Déi bedeelegt Banken ënnersträichen, dass dat heiten eng temporär Mesure ass, déi bis héchstens 2025 lafe soll. D'Banke wëllen kee laangfristegen Acteur um Immobiliëmarché ginn, mä mat hirer Mesure verschidden Dossieren deblockéieren, fir datt do nees gebaut a geschafft ka ginn.
Och wann d'Banke sech mat dëser Initiativ op engem fir si neien Terrain beweegen, op der Pressekonferenz gouf vun engem Test geschwat, si si optimistesch, mat dësem Instrument déi richteg Äntwert op déi aktuell Immobiliëkris fonnt ze hunn.
Och d'BGL BNP Paribas mat enger Initiativ
D’BGL BNP Paribas huet e Mëttwoch den Owend an engem Communiqué annoncéiert, dass och si eng Enveloppe an Héicht vun 100 Milliounen € zesummegestallt hunn, mat där de Finanzement vun engen 350 neie Logementer assuréiert soll ginn, ouni sech awer un dem Mechanissem vun den anere Finanzinstituter ze bedeelegen.