Gutt zwou Woche virun den Europawale war um Donneschdeg déi lescht grouss Debatt vu 5 Spëtzekandidate fir de Poste vum Kommissiounspresident.

Dës Table ronde gouf europawäit iwwerdroen an zu Lëtzebuerg hat d'europäescht Parlament invitéiert, fir d'Diskussioun um groussen Ecran ze suivéieren. Aus Lëtzebuerger Siicht intresséiert natierlech, wéi den Nicolas Schmit sech géintiwwer der Ursula von der Leyen geschloen huet.

D’Spëtzekandidate vun der EVP, den Europäesche Sozialisten, de Gréngen, Renew a den Europäesche Lénke hu sech zu Bréissel de Froe vu Journalisten, engem jonke Publikum a Leit aus verschiddene Memberstaate gestallt. D’Ursula von der Leyen gouf ëmmer nees vun den anere Kandidaten drop ugeschwat, mat wiem si bereet wier zesummenzeschaffen, och vum Nicolas Schmit, dee sech Kloerheet gewënscht huet.

Hir Äntwert: "Ech schwätze mat Membere vum Europaparlament, ech wëll kucken, wou si sech regruppéieren an da mat deene Gruppe schaffen, déi kloer pro-europäesch, pro-Ukrain, géint de Putin a fir d’Rechtsstaatlechkeet sinn."

Och beim Thema Migratioun huet den Nicolas Schmit sech vu senger Nach-Cheffin ofgegrenzt an den Accord vun der EU mat Tunesien kritiséiert.

"Ech ginn dovunner aus, datt dir wësst, wat an Tunesien geschitt, datt Flüchtlingen an d’Wüst gedriwwe ginn, zesummegeschloe ginn, zum Deel ëmbruecht ginn. Dat si keng europäesch Wäerter. Dat ass en Accord mat enger ganz uerger Diktatur. Also sot eis net, dass et drëm geet, géint Schmuggler virzegoen, et geet drëm, géint Flüchtlinge virzegoen, déi an d’Wüst gedriwwe ginn a vill vun hinne stierwen."

An de verschiddene Memberlänner goufe Live-Iwwerdrounge vun der Elefanteronn organiséiert, och hei um Kierchbierg beim Europaparlament.