Um Sonndeg um 13 Auer war et ee Ronndëschgespréich mat allen 13 Parteien, gespléckt an 2. D'Alia huet d'Besetzung vun all Ronn ausgeloust.

Tëscht den USA a China a schwierege geopoliteschen Zäite mat engem Krich virun der Hausdier, wou steet d’Europäesch Unioun an der Welt? Wéi ka se an Zukunft nach kompetitiv sinn an an engems de Klimaschutz respektéieren? Wéi sech effikass verdeedegen?

Dorëms goung et an der éischter offizieller Table ronde fir d'Europawalen. Diskutéiert hunn all d'Kandidate vun den 13 Gruppéierungen, déi sech fir den 9. Juni opgestallt hunn.

Op d'Constellatioun vun der Ronn hat RTL wéi gesot keen Afloss. Et gouf geloust an d'Parteien hunn hir Kandidate selwer designéiert. Mir hunn d'Table ronde Enn der Woch opgeholl.

1. Ronn moderéiert vum Claude Zeimetz: A. Marques, Déi Lénk/ D. Filbig, LSAP/ J-M Jacoby, Mir d'Vollek / F. Engel, Fokus/ I. Wiseler-Lima, CSV / F.Kartheiser, adr / A. Skenderovic, DP.

Table ronde fir d'Europawalen (Ronn 1)
Um Sonndeg ass et ee Ronndëschgespréich mat allen 13 Kandidate gespléckt an 2. D'Alia huet d'Besetzung vun all Ronn ausgeloust.
Table ronde fir d'Europawalen (Ronn 1)

2. Ronn moderéiert vum Pierre Jans: J. Thein, Déi Konservativ/ A. Herman, KPL/ Ph. Schannes, Volt / F. Costa, Déi gréng/ R. Remakel, Piraten/ D. Foka, D'Bréck.

Table ronde fir d'Europawalen (Ronn 2)
Um Sonndeg ass et ee Ronndëschgespréich mat allen 13 Kandidate gespléckt an 2. D'Alia huet d'Besetzung vun all Ronn ausgeloust.
Table ronde fir d'Europawalen (Ronn 2)