
D'Rettungsservicer haten nawell vill ze dinn um Freideg de Moien.
Géint 8:20 Auer sinn an der Route de Trèves zu Nidderaanwen zwee Autoen anenee gerannt. Eng Persoun gouf verwonnt.
Eng Stonn méi spéit ass zu Gaasperech an der Rue Christophe Plantin en Automobilist mat sengem Gefier an e Blummeback gerannt. Hei blouf et beim Materialschued.
Géint 10:30 Auer sinn zu Alzeng an der Rue Albert Bousser zwee Autoe kollidéiert. Hei gouf och nees eng Persoun blesséiert.
Quasi zur selwechter Zäit sinn op der A1 a Richtung Stad en Auto an e Camion net laanschtenee komm. Wéi de CGDIS schreift, gouf kee verwonnt.
Um 10:50 Auer ass op der N24 vun Uewerpallen a Richtung Biekerech en Auto op der Kopp gelant. Eng Persoun gouf blesséiert.