Gëtt zu Lëtzebuerg elo méi gekifft?
                    © Anne Wolff
Zanter Januar zejoert iwwerpréift en Departement vun der Médecine legale d'Ofwaasser op Drogen. Elo leien éischt, provisoresch Resultater vir.
E Freideg an e Samschdeg war am LNS zu Diddeleng de Fréijoers-Kongress vun der deutschen Gesellschaft für Rechtsmedizin. Eng Première fir d’Lëtzebuerger Médecine legale, déi dëst Joer hir 10 Joer gefeiert huet.
Zu der Médecine légale gehéiert och den Departement vun der Chimie analytique, déi zanter Januar 2023 d’Ofwaasser am Grand-Duché op Drogen iwwerpréift an um Kongress éischt virleefeg Resultater presentéiert huet.
Et wollt ee wëssen, ob de Konsum vun de Lëtzebuerger no der Legaliséierung vum rekreative Cannabis am Juli 2023 zougeholl huet. Dofir huet ee reegelméisseg bei den dräi Kläranlagen zu Béiwen, Biereng a Mamer Prouwe geholl, wéi de Serge Schneider, Chef de service vun der Chimie analytique erkläert: "Do kréie mir eemol pro Woch ee Liter Waasser, a mir moossen deen op eng gewëssen Zuel vun Drogen, virun allem Cannabis. Déi éischt preliminär Resultater weisen elo keng riseg Ënnerscheeder."
Lëtzebuerg ënnert den Top 20 Konsumenten
Och wann de Konsum also net eropgaangen ass, zu Lëtzebuerg gëtt nawell vill gekifft. De Grand-Duché läit am europäesche Verglach an den Top 20. "Mir fannen ëmmer Cannabis, an deenen 150 Analysen déi mir d’lescht Joer gemaach hunn. An iwwregens och Kokain. An Europa leie mir beim Cannabis relativ uewen, mä och aner Länner hunn awer änlech Problemer.”, relativéiert de Serge Schneider. Schliisslech wier Lëtzebuerg keng Insel. Déi gefaarten haart Drog Fentanyl gouf zu Lëtzebuerg iwwerdeems nach net fonnt, ma dat dierft nëmmen eng Fro vun der Zäit sinn.
                    © Anne Wolff
Wéi gëtt gemooss?
Fir d’Analys brauch den Departement ongeféier 100 Milliliter Ofwaasser. De Cannabis-Gehalt am Waasser gëtt op Nanogramm pro Liter gemooss, an dann opgerechent op Milligramm pro Dausend Leit pro Dag.
D’Resultater si virleefeg, fir sech definitiv festzeleeën, brauch een nach méi Analysen a méi Zäit. Ausserdeem gëtt et Onsécherheetsfacteuren, déi d’Resultater beaflossen, wéi d’Wieder, d’Zuel vun de Leit déi un d’Klär-Anlag ugeschloss sinn, d’Stabilitéit vun den Drogen am Waasser an och déi grouss Populatioun u Frontalieren. Trotzdeem kann d’Ekipp ronderëm de Serge Schneider esou de Konsum iwwert d’Zäit a mat anere Länner vergläichen. Neierdéngs préift een elo op zwou weidere Plazen am Land.
Wat lo d’Proprietéit vum Waasser ugeet, do misst ee sech awer keng Gedanke maachen, d’Kläranlage géifen déi Réckstänn propper erausfilteren.