Plazeweis vill SchuedHuet sech méiglecherweis lokal en Tornado forméiert?

Andy Brücker
"Et ass verdächteg, mä net eendeiteg", esou d'Ausso vum Meteorolog Lars Dahlstorm vu Kachelmannwetter. Meteolux seet "onwarscheinlech".
Punkt fir Punkt Donnerwieder
De Pitt Wagner huet d’Meteo vun e Samschdeg den Owend erkläert.

Et hätt op alle Fall ee sougenannten “Downburst” nërdlech vun Ettelbréck ginn. Déi Linn hätt sech quasi eemol duerch Lëtzebuerg gezunn, bis erop an den Norden. Op de Kaarte gëtt eng Opfällegkeet am Raum Ettelbréck, wat op en Tornado kéint hindeiten.

Et misst een de Schued op der Plaz analyséieren respektiv op Videomaterial zeréckgräifen, fir sécher ze sinn. Anescht wier eng Verifikatioun net méiglech, esou de Meteorolog.

Et feelen zwar eng Partie Donnéeë vu Meteostatiounen, ma mat deenen Infoen, déi een hätt, kéint ee soen, dass am Südweste vum Land 30-40 Liter Reen pro Quadratmeter erofkomm wieren.

Den Nidderschlag war lokal nach méi grouss, well Statiounen do feelen, weisen déi dat net gutt, mee de Radar huet lokal bis 70mm gemooss.

© kachelmannwetter

Bei de Wandvitesse geet de Lars Dahlstrom dovunner aus, dass vereenzelt Wandstéiss vu bis zu 120km/h dobäi waren.

Bei de Blëtzer war och richteg eppes lass um Himmel. Dat gëtt och mat der Kaart vu Kachelmannwetter ënnerluecht, wou een d’Aktivitéite vun de Blëtzer e Samschdeg den Owend gesäit.

Zu de Blëtzer, dat kann een nëmme schätzen, et wäerte 5.000-7.000 Blëtzer registréiert gi sinn.

Interview mam Luca Mathias vu Meteolux

Et ass immens onwarscheinlech, datt et e Samschdeg den Owend en Tornado zu Lëtzebuerg gouf, seet de Luca Mathias, hien ass Meteorolog bei Meteolux. Et hätt een eng onofhängeg Analys gemaach an déi géif weisen, datt et éischter e groussraimege Wierbel gewiescht wier, wat guer näischt mat engem Tornado ze dinn hätt.

D’Donnerwieder vun e Samschdeg den Owend hate sech iwwer Frankräich forméiert a sinn dunn iwwer Lëtzebuerg gezunn. Et ass méi oder manner dat agetratt, wat d’Experte vu Meteolux virausgesot haten.

Am schlëmmsten wieren de Süden de Westen an awer och den Zentrum getraff ginn, well do eng Struktur vum Donnerwiedersystem duerchgezunn ass, déi bësse méi aktiv a virulent gewiescht wier.

Op verschiddene Plazen, haaptsächlech am Weste vum Land, wiere bannent enger Stonn bësse méi wéi 50 Liter Reen op de Metercarré erofgaangen. Soss am Land waren et tëschent 20 a 40 Liter.

Et goufe Wandvitesse vun 90 bis 95 Kilometer an der Stonn gemooss. D’Schied géifen awer drop hindeiten, datt et op verschiddene Plazen och Wandspëtzte vun iwwer 100 Kilometer an der Stonn gouf, esou de Luca Mathias. Den nationale Wiederdéngscht hat jo e Samschdeg den Owend géint 18 Auer mat enger Alerte orange virun dëser Wiedersituatioun gewarnt.

Interview mam Philippe Ernzer vu Météo Boulaide

Nieft dem Expert vu Kachelmannwetter hu mer och beim Philippe Ernzer vu Météo Boulaide nogefrot, wéi hien de Wiederphenomen vun e Samschdeg den Owend aschätzt.

Philippe Ernzer: “Dat war gëschter ee gréisseren Donnerwiedersystem, deen iwwer eis ewechgezunn ass. Do hu sech da souzesoen zwee kleng Segmenter quasi genee iwwer Lëtzebuerg zu engem zesummegeschloss. An dunn ass dat a Form vun enger Linn, méi oder manner iwwer eist Land ewechgezunn. Et kann een et och nach ee sougenannte Bow-Echo nennen. An esou engem Bow-Echo, déi sinn typesch dofir, dass et an deene kann zu staarke Stuermstéiss kommen, vläicht souguer zu Orkanstéiss. An dat ass dann eng Kéier geschitt vum Südweste vum Land aus, bis dann Richtung Norden respektiv Nordosten. Dat heescht, esou zimmlech huet jiddereen eppes dovunner matkritt. Déi eng e bësse méi wat d’Waasser betrëfft, déi aner méi wat de Wand betrëfft.”

© Domingos Oliveira

Eis sinn eng Partie Fotoen erageschéckt ginn, op deenen ze erkennen ass, datt grousse Schued entstanen ass. Do stellt sech d’Fro, ob et net zu engem Tornado komm ass. Zum Beispill am Raum Biwer.

Philippe Ernzer:“Do hu mer dann um Radar verschidde Signature gehat, vu ganz lokale Rotatiounskären. Mä dat ass typesch fir esou e Bow-Echo, et ass immens vill Dynamik an esou enger Front, an do kann et mol virkommen, dass einfach eng Rotatioun um Radar mol ze gesinn ass. Ob dat dann eng Auswierkung op de Buedem huet, dat ass dann sou eng aner Fro. Mä et ginn aner Plazen, do waren e bësse méi staark Rotatiounssignaturen. Ech ka lo net onbedéngt vum Raum Biwer schwätzen, well ech do grad net ënnerwee sinn, mee eng aner Signatur, do huet sech méi a Richtung Biissen gewisen, Richtung Feelen an deem Beräich.”

De Philippe Ernzer war dann och dohi kucken, fir mat Hëllef vun enger Dron Indicen ze fannen, datt do effektiv zu engem Tornado komm ass.

Philippe Ernzer:“Wéi um Buedem, dass mer do vläicht ee konvergent Wandmuster fannen. Dat heescht zum Beispill a Felder oder a Wisen, dass mer gesinn, dass op klengstem Raum déi eng Säit d’Grashällem no riets gebéit sinn, déi aner Säit no lénks gebéit sinn, dass wierklech sou wéi sou eng Tirett sech eeben zitt duerch d’Landschaft. A wa sech eeben esou eppes sollt weisen, falls iergendwou och Beem sinn, déi net riicht ëmgefall sinn, mee an enger zimmlecher Richtung sou géint den Auersënn, da kënnen dat Indicen drop sinn, dass esou een Tornado um Wierk war”.

Interview mam Sven Rock vu Météo Réimech

Den Hobby-Meteorolog Sven Rock huet op senger Wiederstatioun zu Sinz (D) Wandvitesse vun 104 km/h gemooss. Dat war eventuell e bëssen ze vill däers Gudden, well seng Statioun huet ënnert dem staarken Donnerwieder gelidden, wéi hien e Sonndeg de Moie festgestallt huet.

Den Triichter vum Ree-Moosser gouf vum Wand erausgerappt. Ob d’Sensoren un der Statioun nach funktionéieren, muss déi nächst Deeg gekläert ginn. Falls déi och futti sinn, gëtt et deier, fir d’Sensorik ze ersetzen.

De Sven Rock vu Météo Réimech am RTL-Interview
Seng Meteostatioun zu Sinz an Däitschland huet ënnert dem Donnerwieder gelidden.

E Sonndeg den Owend am Journal ginn et weider Prezisiounen iwwer d’Wiedersituatioun, mat Erklärunge vum Pitt Wagner.

Back to Top
CIM LOGO