Optakt vun de Bauaarbechte fir de Quartier Rout Lëns zu Esch
No 7 Joer Plangen a Preparatiounsaarbechten, gouf en Dënschdeg zu Esch de Grondsteen fir de Quartier Rout Lëns geluecht.
Dëst ass eréischt den Ufank vum grousse Bauprojet, bei deem op enger Surface vun 160.000 Metercarré, bei der franséischer Grenz zu Esch an den nächsten 12 bis 14 Joer knapps 1.400 nei Logementer fir iwwer 3.000 Mënschen entstoe sollen.
"30 Prozent vun de Wunnengen um Site solle Logement abordabel ginn", erkläert den Escher CSV-Buergermeeschter Christian Weis. Dat wieren der iwwer 400, wann een d’Studenten- an d’Seniorewunnenge géing dobäizielen. Fir dem Besoin vun de Sozialwunnenge gerecht ze ginn, hätt ee gekuckt, wat d’Leit op de Waardelëschten, fir esou e Logement ze kréien, bräichten. D'Fazit ass, dass elo Sozialwunnenge mat bis zu 5 Zëmmer gebaut ginn. Eppes, wat ee bis elo nach net zu Esch hätt, betount de Buergermeeschter.
An enger éischter Phas ginn 200 Wunnenge gebaut. "45 dovunner wäerten abordabel Logementer sinn, déi d’Stad Esch kaaft huet", seet de Promoteur Eric Lux. Am Quartier géing et dono e Mix vu verschiddenen Infrastrukture ginn. Eng Schoul, normal an abordabel Wunnengen, kleng Haiser, wéi och Appartementer an e Commerce de Proximité.
"De Quartier gëtt autofräi. Et entsti Plaze fir d’Zesummeliewen, wou Generatiounen zesummekommen, sou wéi och eng Schoul, Studentewunnengen no bei de Seniorewunnengen an Espacë fir Festivitéiten", schwäermt de Christian Weis.
"D’Vergaangenheet gëtt mat der Zukunft verbonnen, a Wunnraum entstoe gelooss, op engem Terrain, deen net nei versigelt ass", resuméiert den DP-Logementsminister Claude Meisch. Projete vun dëser Envergure bräicht een der méi. Mä all weidere Projet géing zielen, egal wéi grouss e wier.
Besonnesch bei der Rouder Lëns wier och déi gutt Ubannung. E Schlësselelement wäert hei d'Ubannung un de séieren Tram ginn, deen duerch den Norde vun Esch fuere wäert, heescht et vum Escher Buergermeeschter. Generell soll awer och déi douce Mobilitéit eng grouss Roll spillen. Den Ausbau vu Vëlospiste soll weidergedriwwe ginn. De Logementsminister huet dann nach d’Proximitéit zu der Natur an déi zum Quartier Belval ervirgehuewen, wou jo och d'Universitéit an Aarbechtsplaze wieren.
Esch wiisst dann och net nëmmen op der Rouder Lëns. Op der Industriefriche Metzeschmelz tëscht Esch a Schëffleng wäerten nach eng Kéier 10.000 Residentë bäikommen. "Den Ament huet Esch 37.000 Awunner. 45.000 bis 50.000 ass dat, wat nach machbar ass. Dono musse mer weider kucken", betount de Christian Weis. Bis elo wier Esch tëscht de Schmelzen agekesselt gewiescht. Elo géinge verschidde spannend Projeten entstoen, déi dozou féiere géifen, dass Esch zesummewiisst.