D'Chamber huet d'Reform vum Loyersgesetz vun 2006 – dem Bail à usage d'habitation – guttgeheescht.

D'Reform gouf mat de Stëmme vun der Majoritéit a vun der Oppositioun, ausser vun déi Lénk, déi sech enthal hunn, ugeholl.

Loyere kréien e legale Kader / Reportage François Aulner

Si hëlt eng Rei vun den Ännerungen erëm, déi de viregte grénge Logementsminister Henri Kox virgesinn hat. Deem seng geplangten Ännerungen um sougenannten an ëmstriddene Loyersdeckel goufe par konter fale gelooss. Awer net fir ëmmer, well d'Regierungsparteien eng Motioun vun LSAP a vun déi Gréng, also vun zwou Oppositiounsparteien, guttgeheescht hunn, fir nach bis Enn Juni 2025 en neie Projet an der Chamber ze presentéieren.

"Och ouni Präisdeckele geet et", esou de Claude Meisch “e klengt Stéck a Richtung Moderniséierung a Schutz vum Locataire."

D’Käschte vun den Agencë ginn an Zukunft tëscht dem Locataire an dem Proprietär gedeelt. Bis ewell huet de Locataire missen d’Fraisen eleng droen.

D’Garantie locative, och nach als Kautioun bekannt, déi de Locataire muss dem Proprietär ginn, wann en d’Schlëssele vun der Wunneng kritt, gëtt vu maximalen 3 Méint op 2 Méint reduzéiert. D’Modalitéiten, fir dës Kautioun erëm zeréckzekréien, wann een d'Schlësselen erëm ofgëtt, ginn iwweregens präziséiert.

Esou muss de Besëtzer notamment d'Hallschent bannent engem Mount schonn zeréckginn, wa kee gréisse Schued an der Wunneng festgestallt gouf. Da kréien d'Co-Locatioune respektiv d'Wunngemeinschaften e legale Kader. A vun elo un hu mëndlech Kontrakter vun der Locatioun keng legal Valeur méi a mussen elo ëmmer schrëftlech sinn.