De Spezial-Vertrieder vun der EU fir e Friddensprozess am Noen Osten huet am Grand-Duché de Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel getraff.

Et misst een de Moment fir Friddensverhandlungen am Noen Osten "ergräifen".
 
Eng Wafferou an der Gazastraif bleift fir d’EU d’Prioritéit. Dann awer och e regionale Konflikt verhënneren oder nach d’Befreie vun den israeelesche Geiselen, déi nach vun der Hamas festgehale ginn. Mä och Verhandlunge fir en definitive Fridden am Noen Osten missten elo schonn ugoen. "Wa mir et net haut maachen, da kann ee sech et schwéier virstellen, datt mir et eng aner Kéier maachen", esou de Spezial-Vertrieder vun der EU fir e Friddensprozess am Noen Osten Sven Koopmans no Gespréicher mam Ausseminister Xavier Bettel hei zu Lëtzebuerg. Jidderee géing gesinn, datt d’Situatioun an d’Péng "net auszehale" wieren an et misst een de Moment "ergräifen".
 
An hirem Handlungsspillraum ass d’EU "zimmlech limitéiert", huet den Ausseminister Xavier Bettel zouginn. Um Enn wier alles an de Hänn vun de Politiker am Noen Osten. Engersäits déi israeelesch Regierung an anersäits d’Organisatioun fir d’Liberatioun vu Palestina.

Fir d’EU ginn et zwee rout Dicher: d’Hamas, mee awer och déi israeelesch Koloniséierung vu palestinensesche Gebidder. De Xavier Bettel huet besonnesch kritiséiert, datt déi israeelesch Regierung Gelder deblockéiert huet, déi Palestina zegutt hat, mä en Echange fir weider Kolonien vun israeelesch Hardliner autoriséiert huet.

De Xavier Bettel empfänkt en Dënschdeg den Ausseminister vu Jordanien. E Méindeg maachen déi 27 EU-Ausseminister zu Bréissel de Point iwwert d’Situatioun am Noen Osten. Hien huet betount, datt d’EU der UNRWA, der UNO-Agence fir palästinensesch Flüchtlingen, méi Moyene garantéiert huet, iwwerdeems d’Neutralitéit vun der Agence géing gestäerkt ginn.

De Lëtzebuerger Ausseminister plangt iwweregens eng weider Visitt am Noen Osten. En Datum wollt hien nach net uginn, éischter no der Summervakanz, mee vläicht och méi kuerzfristeg.
 
De Sven Koopmans huet de Xavier Bettel immens gelueft, well hie ganz "aktiv" a "kreativ" wier, fir gemeinsam Positiounen an der EU erbäizeféieren. Esou zum Beispill fir weider israeelesch Siidlungen op palestinenseschem Gebitt ze verurteelen.