Denonciatioun wéinst Ënnerschrëftefälschung gemaach

Symbolbild vun enger Pressekonferenz vun de Piraten. / © RTL Archiv
Den Dossier vun der Iwwersetzungsapp MALT, déi d'Piraten virun e puer Joer fir den Office national de l'accueil entwéckelt hunn, kéint penal Suitte kréien.
De Piraten-Deputéierte Marc Goergen huet RTL vis-à-vis confirméiert, datt hien en Dënschdeg eng schrëftlech Denonciatioun un de Parquet geschéckt huet, déi RTL och virläit.
Hien hätt déi Denonciatioun ënnert anerem gemaach, well am Dossier MALT gefälscht Bankextraite wieren, méi genee wier d'Ënnerschrëft nogemaach ginn. Dat fir virzetäuschen, datt d'Piratepartei dem ONA Suen iwwerwisen hätt, déi awer a Wierklechkeet ni iwwerwise gi wieren. Deen anere Piratendeputéierte Sven Clement hätt an der Parteileedung de leschte Méindeg och confirméiert, datt et zu Fälschunge komm wier.
De Sven Clement nuancéiert déi Duerstellung vum Marc Goergen iwwerdeems. Hien hätt der Parteileedung matgedeelt, datt him den Tresorier vun der Partei gesot hätt, et géing eng Pièce ginn, déi net ze retracéiere wier. De Sven Clement kéint awer net ofschléissend soen, op wien déi Pièce zeréckgeet a firwat se hiergestallt gouf.
En Donneschdeg de Moien huet de Parquet iwwerdeems confirméiert, datt dem Marc Goergen seng Denonciatioun um Parquet Lëtzebuerg ukomm ass, an eng Dossier opgemaach gouf. Ier iwwer méiglech Suitte kéint decidéiert ginn, wäert de Parquet sech allerdéngs déi néideg Zäit huelen, fir den Inhalt vun der Denonciatioun ze studéieren.