Pirate musse Chamber-Büro finanziell Dokumenter vun de leschte 6 Joer virleeën
D'Affär vu géigesäitegen Accusatiounen tëscht de béide Piraten-Deputéierte Goergen a Clement geet an eng nächst Ronn - dës Kéier um politeschen Niveau.
Nodeems d'Piraten-Deputéiert op der Place publique devoiléiert haten, wie wéi eng Ausgaben hat a wat iwwer d'Kreditkaarte vun der politescher Sensibilitéit verbucht gouf, ass et lo de Büro vun der Chamber, dee sech aschalt a finanziell Opklärung verlaangt.
Sou gouf decidéiert, datt d'Pirate Kopië vun alle finanziellen Dokumenter vun der leschter an dëser Legislaturperiod musse virleeën. Dëst betrëfft also déi lescht 6 Joer.
Mëssbrauch vu Fraktiouns- respektiv Sensibilitéitssue wier eppes, wat een net einfach kéint am Raum stoe loossen, ënnersträicht de Chamberpresident Claude Wiseler. Et wier jo d'Chamber, déi d'Suen zur Verfügung stellt. "Natierlech geet dat d'Chamber an de Büro vun der Chamber eppes un. Mir kënnen dat natierlech net verifizéieren op Basis vun deenen Artikelen, déi mir gelies hunn. Dofir huet de Büro decidéiert, dass mer d'Cour des comptes wäerte froe fir e Kontroll vun de Finanze vun de Piraten."
D'Chamber reecht dës Piècen dann un d'Cour des Comptes fir eng Konformitéitskontroll iwwert d'Pirate-Konte weider.
Am Viséier ass den Artikel 19 vum Chamber-Reglement** - heiranner heescht et, datt d'finanziell Aidë fir d'politesch Chamber-Gruppen exklusiv fir Ausgaben, déi mat de parlamentareschen Aarbechten ze dinn hunn, musse gebraucht ginn. All Ausgaben, déi am Kontext mat der Partei sinn, dierfen net mat dëse Sue bezuelt ginn.
De Büro huet dann och decidéiert, datt an Zukunft all Joer d'Konte vun de Fraktiounen a politesche Sensibilitéite wäerten iwwerpréift ginn.
** Les aides financières accordées aux groupes politiques sont destinées exclusivement à
couvrir les dépenses ayant trait aux activités parlementaires et ne peuvent être utilisées
pour couvrir les dépenses produites par les partis politiques.
D'Reaktioune vun de Concernéierten
Zanter 5 Joer scho géingen d’Pirate fuerderen, dass esou eng Kontroll vun de Konte gemaach gëtt, seet de Sven Clement. Bis elo wieren et bei der Chamber nämlech keng kloer Reegele ginn, wéi Fraktiounen a Sensibilitéiten hir Comptabilitéit ze féieren hätten. Vun der Annonce vun der Chamber wousst hien awer nach näischt, well hie wéinst Interessekonflikt net un der Reunioun vum Büro deelgeholl huet:
"Ech muss éierlech soen, datt ech e bëssen erstaunt sinn, datt d'Chamber no bausse kommunizéiert, éiert een deene Betraffene Bescheed seet. Dat hunn ech och elo grad schonn eisem Secrétaire général gesot. Wat den Inhalt vum Mail ugeet, mir hu guer kee Problem domadder ze collaboréieren, dat och an deem Mooss zur Verfügung ze stellen, fir alles, wat dës Legislatur betrëfft, hu mer eng analytesch Kontabilitéit, dat heescht, dat ass ganz einfach ze maachen."
Wat déi lescht Legislaturperiod ugeet, hätt hie scho proaktiv d’Piècen zesummegesicht.
Och de Marc Goergen ass zefridden iwwert d’Decisioun vun der Chamber, well hie sech eng maximal Transparenz wënscht:
"Begréissen, ech hat jo gëschter nach e Bréif un d'Chamber gemaach, dass eeben genau dee Schrëtt soll gemaach ginn, dass zënter 2016 bis elo d'Konte sollen nogekuckt ginn. An Dir hutt mer jo elo gesot, dass déi Entscheedung de Moie getraff gi wär. Ech begréissen dat natierlech."
Hien ass der Meenung, sech mat sengen Depensen näischt ze reprochéieren ze hunn. "Bei den Depensen, déi ech gemaach hunn, hätt ech deemools gesot, dass dat normal wier, dass een dat dierf maachen", ënnersträicht de Marc Goergen. Zum Beispill géing et eng Linn an dem Reglement ginn, dass een 800 Euro Fraise fir den Auto dierf pro Joer ofsetzen. Dat hätt hie gemaach. Wa sech awer géing erausstellen, dass dat net korrekt wier, géing hien dës Montanten zréckbezuelen.
Montanten zréckbezuelt, déi net kloer waren, huet dann de Sven Clement schonn. Riets geet vun Ausgaben an Héicht vu 451 Euro zanter Januar zejoert. Fir d’Period virdru seet hien: "Ech hu fir mech elo näischt am Kapp, wat do kéint derbäi sinn. Ech wëll awer och elo net ausschléissen, datt do vläicht och eng Kéier eng Transaktioun vun 30 oder 40 Euro derbäi war, déi duerch Onopmierksamkeet geschitt wier." Och hie géing an deem Fall rembourséieren.
D’Sensibilitéit krut fir d’Period 2018 bis 2023 eng Zomm vun 2,6 Millioune vun der Chamber. Zanter der neier Legislaturperiod Zejoert da 656.000 Euro, erkläert de Sven Clement. Dës Montante wieren awer zu engem groussen Deel strikt u Salairë gebonnen a just fir déi parlamentaresch Aarbecht ze benotzen.
Wéi de Rescht vun de Sue genotzt ka ginn, do géingen et just Indikatiounen am Chambersreglement ginn, mee keng kloer Reegelen. Bei der Parteifinanzéierung ass dat anescht. D’Konte vun de Parteie ginn dann all Joer vun der Cour des comptes op de Leescht geholl. E Virgoen, wat ee sech och fir d’Sensibilitéiten a Fraktioune géing wënschen.
Wéi et mat deenen zwee Kandidaten an der Partei an iwwerhaapt mat der Partei weidergeet, bleift onkloer. Och d’Chamber wier net preparéiert op d’Situatioun an et géing kee Reglement fir dës Situatioun ginn. Eventuell misst eng Fiduciare ageschalt ginn, fir d’Konten ze trennen. D’Stëmmung wier ganz schlecht, esou de Marc Goergen. Hien kritiséiert, dass de Sven Clement mat senger Pressekonferenz e Freiden déi Leit, déi villäicht nach un hie gegleeft hunn an d’Partei, virun de Kapp gestouss hätt. Hien hätt e "Rundumschlag" géint alles gemaach. Dat wier schwéier nees hinzebéien. De Sven Clement seet sengersäits, et géing fir hie keen neie Moment ginn, op deen hie kéint reagéieren.
© RTL
Hei d'Schreiwes vun der Chamber
Une série d’allégations concernant l’usage privé de crédits de fonctionnement mis à disposition par la Chambre des Députés ont récemment fait l’objet de communications de la part des membres de la Sensibilité politique Piraten, ainsi que de nombreuses attentions médiatiques.
Dans ce contexte, le Bureau de la Chambre des Députés a décidé de demander à la Sensibilité politique Piraten de bien vouloir fournir à la Chambre des Députés une copie de l’ensemble des documents financiers permettant de retracer les dépenses de la Sensibilité politique depuis le début de la législature 2018-2023 jusqu’à maintenant.
Dès réception, ces documents seront transmis à la Cour des comptes afin d’établir leur conformité avec l’article 19 § 5 du Règlement de la Chambre, ainsi que la véracité desdites allégations.
Par ailleurs, il a été décidé de charger la Cour des comptes d’un contrôle annuel des comptes des groupes et sensibilités.