Viru 35 Joer ass de laangjäregen ADR-Deputéierte fir d'éischt an d'Chamber gewielt ginn. Hie kuckt no hannen awer och op déi aktuell politesch Situatioun.

D'Sowjetunioun huet sech no zéng Joer Krich aus Afghanistan zeréckgezunn, zu Peking koum et zum Tian’anmen-Massaker, den George H.W. Bush gouf den 41. US-President an d'Berliner Mauer ass gefall. 1989 war ee Joer mat enger Partie markanten Evenementer. Vläicht net grad weltpolitesch relevant, ma fir déi Lëtzebuerger Politik awer net ganz onwichteg: De Gast Gibéryen gëtt, zesumme mat dräi Parteikolleegen, fir d'éischt an d'Chamber gewielt. Deemools dierft keen, hie selwer wuel och net, domadder gerechent hunn, datt hien 31 Joer um Krautmaart bleiwen an ee vun de profiléiertsten Oppositiounspolitiker gi géing. 2020 ass hie mat 70 Joer an déi politesch Pensioun gaangen an huet dem Fred Keup seng Plaz an der Chamber iwwerlooss.

1987 gouf d'ADR gegrënnt, deemools nach ënnert dem Numm Aktiounskomitee 5/6 Pensioun fir jiddwereen. Datt et zanter 1999 een eenzege Pensiounssystem zu Lëtzebuerg gëtt, bezeechent de Gast Gibéryen dann och als seng gréisste politesch Victoire. An déi huet nawell géint zimmlech zolitte Widderstand erkämpft musse ginn. Wéi d'Chamber Mëtt 1998  iwwert dat definitiivt Ofschafe vum 5/6-Pensiounssystem ofgestëmmt huet, hu méi wéi 20.000 Beamten um Knuedler protestéiert. Well d'Chamber renovéiert gouf, goufen d'Sëtzungen an der Stater Märei organiséiert. Eng Partie vun den Demonstranten hu mat Eeër op déi Deputéiert geworf, déi fir d'Ofschafe waren. "Ech war deemools vu Kapp bis Fouss eng Omlett", erënnert sech de Gast Gibéryen mat engem Grinsen. Am Fong hätte Polizisten d'Deputéiert mat Prabbelie schütze sollen, ma: "Wéi ech komm sinn, ware se net méi Polizist mee Fonctionnaire, dunn hu se de Prabbeli zougemaach a sech gebéckt." Mëttlerweil hätt sech d'Verhältnis mat der Fonction publique awer normaliséiert. Ëmmerhi kéim mëttlerweil d'Majoritéit vun den ADR-Deputéierten aus dem Staatsdéngscht.

De City-Tunnel wäert iergendwann kommen

Dono gefrot, ob de Succès vum Tram, géint dee sech d'ADR ëmmer ausgeschwat huet, déi gréissten Defaite a senger politescher Karriär wier, wëllt de Gast Gibéryen dat net sou stoe loossen. D'ADR-Propose vun engem ënnerierdeschen City-Tunnel hätt sech nämlech net just op d'Stad beschränkt.

De Gast Gibéryen am Sonndesinterview iwwert d'Mobilitéit zu Lëtzebuerg
De laangjäregen ADR-Deputéierten ass dovunner iwwerzeegt, datt iergendwann ee City-Tunnel komme wäert.

CSV-DP-Regierung huet d'Kaarten nach net op den Dësch geluecht

Fir déi nei CSV-DP-Regierung ze bewäerten, do deet de laangjäregen Oppositiounspolitiker sech nach schwéier. Et wier him kloer gewiescht, datt virun den Europawale keng budgetär Mesure geholl géinge ginn, déi negativ Repercussiounen op de Portmonnie vun de Leit hunn. Deen éischte richtege Budget wier dee fir 2025. D'Diskussioun iwwert d'Heescheverbuet huet de Gast Gibéryen als iwwerdriwwen empfonnt. Et wier ëmmer just ëm déi organiséiert Mendicitéit gaangen an déi wier mam neie System gréisstendeels ënnerbonne ginn. Datt seng Partei bei enger konservativ-liberaler Regierung manner Ugrëffspunkten hätt, wéi wärend den zéng Joer Gambia-Regierung, mengt de Gast Gibéryen net. Et géing een zwar verschidde Punkten, wéi zum Beispill eng méi pragmatesch Ëmweltpolitik, ënnerstëtzen, mee an deenen nächste Jore kéimen awer och bestëmmt Decisiounen, mat deenen een net d'Accord wär. An éischter Linn géing et drëms goen, eng konstruktiv Oppositiounsaarbecht ze maachen: "Sou laang si dat maachen, wat mir gären hätten, ënnerstëtze mer se", sou de Gast Gibéryen mat engem Schmunzelen.

RTL

© Didier Weber

Wat d'ADR ugeet, weist sech den Éierepresident ganz zefridden: "D'Atmosphär an der Partei ass formidabel". Dat kéint och un deene rezente Walresultater leien, bei de Chamberwale konnt sech d'Partei jo vu véier op fënnef Sëtz verbesseren a bei den Europawale mam Fernand Kartheiser fir d'éischt ee Mandat zu Stroossbuerg respektiv Bréissel erueweren. Grad den neien Europadeputéierte lueft de Gast Gibéryen. Dëse géing seng Dossieren am Detail kennen, wat och eng Viraussetzung wier, fir iwwerhaapt an deem groussen Apparat EU-Parlament een Afloss ze hunn.

Ukrain wäert Gebidder u Russland mussen ofginn

De Fernand Kartheiser huet an deene leschte Wochen a Méint mat senge Positiounen zum Ukrain-Krich an zu den US-Wale fir méi kritesch Reaktioune gesuergt. Mat Bléck op d'Ukrain gëtt de Gast Gibéryen zou, datt een am Ufank vum Krich an der Partei kontrovers doriwwer diskutéiert hätt, wéi ee sech positionéiere soll. Ma am Ufank vum Konflikt hätt een op engem Parteikongress eng Resolutioun ugeholl, déi och haut nach d'Basis vun der Positioun vun der Partei wier. Et hätt een ëmmer ënnerstrach, datt den Ugrëff vu Russland inakzeptabel wier. Ma fir ee Fridde bräicht et eng diplomatesch Léisung. Weder déi militäresch Ënnerstëtzung fir d'Ukrain nach déi wirtschaftlech Sanktioune géint Russland kéinten dat areechen. De russesche President Wladimir Putin, deen de Gast Gibéryen een "Diktator" nennt, kéint et sech mat Bléck op seng innepolitesch Positioun net erlaben, sech ouni Succès aus der Ukrain zeréckzezéien. Hie wier perséinlech der Meenung, datt Russland Deeler vun der Ukrain zougesprach wäert kréien. Dono misst d'Ukrain sech zudeem zu enger militärescher Neutralitéit verflichten. Eng Memberschaft an der Europäescher Unioun wier méiglech, eng an der NATO par Konter net.

Trump oder Harris ass am Fong egal

Wat d'Walen an den USA ugeet, géing d'ADR sech net an d'Innepolitik vun anere Länner amëschen. "Et kann een net soen, déi hu schlecht gewielt, nee, déi hu gewielt, wat se wollten." Nodeems den aktuelle President Joe Biden op eng weider Kandidatur verzicht huet, wier d'Course op alle Fall nees op. Him wier et perséinlech am Fong egal, ob den Donald Trump oder d'Kamala Harris gewënnt, d'Haaptsaach wier, datt de Gewënner sech dono fir de Fridden asetzt.

De Gast Gibéryen am Sonndesinterview iwwert de Walkampf an den USA
Dem fréieren ADR-Deputéierten ass et am Fong egal, wien neien US-President gëtt.

Fir Diskussiounen haten och Facebook-Poste vum ADR-Deputéierten Tom Weidig gefouert, an deenen hie kritiséiert hat, datt d'Konschtfigur "Tatta Tom" an der Escher Bibliothéik an e bëssi méi spéit an der Akerbauschoul Liesungen duerchgefouert huet. Hien huet seng Kritik domadder begrënnt, datt d'Tatta Tom Stereotype géint Membere vun der LGBTQ+ Communautéit ënnerstëtze géing. En plus wier de Contenu vun de Bicher net fir kleng Kanner gëeegent, well se doduerch ze fréi sexualiséiert géinge ginn. Passt déi Kritik bei eng Partei, déi sech d'Meenungsfräiheet op de Fändel geschriwwen huet? De Gast Gibéryen fënnt jo. Et géing een net kritiséieren, wat gesot gouf, mee wou et gesot gouf. Als ADR wier een der Meenung, datt d'Elteren d'Recht mussen hunn ze decidéieren, wéini hiert Kant mat sexualiséierte Contenuen a Kontakt kënnt an net d'Léierpersonal. Fir de Rescht géing hien et schlëmm fannen, wa Leit op Grond vun hirer sexueller Orientéierung gemobbt ginn.

Wat seng Pensioun ugeet, kritt de Gast Gibéryen d'Zäit gutt erëm. "De Moie war ech schonn um 6 Auer 
hei baussen, hunn d'Blumme genätzt, gedüngt an déi falsch Bléien erausgeholl." Hie géing dacks mam Hond spadséiere goen an hätt och genuch mat den Hénger hannert dem Haus ze doen. An och wann et sech gutt zu Fréiseng géing liewe loossen, géingen hien a seng Fra elo méi reesen, wéi dat fréier de Fall gewiescht wier.