Zeienopruff no Iwwerfall a Kleedergeschäft um Wandhaff
Am deem Kader sicht d'Police elo no Zeien, déi eventuell wichteg Informatiounen iwwert den Iwwerfall kéinte liwweren.
E Méindeg den Owend géint 19 Auer koum et zu engem Iwwerfall an engem Schong- a Kleederbuttek an der Rue d'Arlon um Wandhaff. Dobäi gouf d'Keess matgoe gelooss.
Bei den Täter soll et sech ëm 4 jonk Männer am Alter tëscht 18 a 25 Joer handelen. Wéi et am Bulletin vun der Police heescht, hätten dës Persounen e liicht brongelzegen Teint gehat an e gebrachent Franséisch an Englesch geschwat.
Zwee vun de Männer hate schwaarz, kuerz Hoer, e kuerze schwaarze Baart an haten donkel Kleeder un. D'Täter sinn nom Iwwerfall mat engem bloen Auto an eng onbekannte Richtung fortgefuer.
An deem Kader sicht d'Police elo no Zeien, déi eventuell wichteg Informatiounen iwwert den Iwwerfall kéinte liwweren. Indicë si fir d'Police vu Capellen, dat iwwer Mail u Police.CAPELLENSTEINFORT@police.etat.lu, respektiv iwwer Telefon op den (+352) 244 30 1000.