Police warnt virun Erpresser-Mail, déi am Moment zirkuléiert

© Police
D’Police warnt nees virun Erpresser-Mailen. An de leschte Stonne wiere méi där Fäll gemellt ginn.
Am Mail steet, et hätt een Accès op d'Apparater an et hätt een dobäi intim Fotoen oder Videoe vum Destinatär fonnt a séchergestallt.
Dëse gëtt dann opgefuerdert, eng gréisser Zomm op e Kont fir Krypto-Wärung z’iwwerweisen, soss géif d’Bildmaterial ëffentlech gemaach a souguer u Famill a Bekannter geschéckt ginn.
D’Police rappelléiert, dass dat eng Arnaque ass an een déi Maile läsche soll. Dës Mail gëtt nämlech automatiséiert un eng grouss Unzuel un Adresse geschéckt. Dëse Mail soll als "Spam" gezeechent sinn.
Sollt et tatsächlech zu engem Schued kommen - bezilt een also déi gefroten Zomm - soll een eng Plainte op engem Policebüro areechen. D'Police erënnert, dass d'Nummer 113 exklusiv fir Noutfäll geduecht ass.